Ënnert de 17 Syvicol-Vertrieder, déi bis elo scho fest stinn, sinn der néng, déi op der CSV-Lëscht gewielt goufen oder déi CSV-Member sinn. Dräi Vertrieder si vun der LSAP, véier si vun der DP. Derbäi kënnt nach een Onofhängegen.
An der Regioun Mëllerdall-Rouspert gëtt an de Gemenge Bäerdref a Beefort nächste Mëttwoch an der éischter Gemengerotssitzung iwwer d’Syndikater an och d’Kandidatur fir de Syvicol diskutéiert.
Eisen Informatiounen no leie fir d’Mëllerdall Regioun schonn zwou Kandidature vir: eng vun der DP an eng vun der CSV.
Wann een de Procès Verbal vun de Wale fir déi aner 17 Gemengegroupéierungen analyséiert, da ginn et op d'mannst zwou Iwwerraschungen. Am Grupp vun de Gemenge Biissen, Colmer, Ettelbréck, Feelen, Mäerzeg a Schieren gouf et eng Pattsituatioun tëscht dem Ettelbrécker CSV-Schäffe Jean-Paul Schaaf an dem Feelener Conseiller Rajesh Etgen. Allebéid kruten 29 Stëmmen. Ee Conseiller hat sech beim Vott enthalen, sou datt ausgeloust gouf. An de Rajesh Etgen ass elo Vertrieder am Syvicol.
Eng weider Iwwerraschung ass, datt de Louis Oberhag am Grupp Kanton Réimech net méi gewielt gouf. De Parteilosen (Onofhängegen) Tim Karius, Buergermeeschter vu Lenneng, huet dës Wal largement gewonnen.
Net gewielt gouf dës Kéier a véier Gemenge-Gruppen, well ee sech tëscht de Gemengen eens gi war, fir nëmmen ee Kandidat ze presentéieren, sou datt et net zu enger Wal koum.
Eng Ausnam gëtt et fir d’Stad Lëtzebuerg: déi huet d’Office een Delegéierten an do ass decidéiert ginn, datt d’DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer ewéi bis elo nach eng Kéier am Syvicol siegéiert.