De Ressourcenzenter SIVEC (Syndicat Intercommunal à Vocation ECologique) ass net enorm grouss. An awer kënne Leit aus fënnef Uertschaften heihi kommen. Couvréiert gëtt also een Anzuchsgebitt vu ronn 76.000 Leit, wéi de Responsabele vum SIVEC, de Patrick Falkenstein, erkläert. Dëse Ressourcenzenter ass awer net just fir dës Leit reservéiert. Och Leit vun Ausserhalb kréien ënner verschiddenen Ëmstänn Accès.
Pro Dag kommen esou ronn 300 Leit hiert Material heihin ofginn. Héichphase ginn et jee am Hierscht an am Summer, souwéi no de Chrëschtdeeg. Et kann een decidéieren, spontan laanscht ze kommen, oder et hëlt ee sech ee Rendez-vous.
D’Iddi vum Rendez-vous-System haten déi Responsabel vum SIVEC schonn zanter e puer Joer, mee réischt nom Lockdown gouf se konkretiséiert. Et war eng Zäit, an där den Zenter iwwerlaf ginn ass, a sou konnten d’Leit ab September 2020 per Rendez-vous an den Zenter kommen.

Sensibiliséierungsaarbecht duerch Kontrollen
Am Gros gëlle beim SIVEC déi selwecht Reegelen, wéi an all aner Recyclingzenter och: alles, wat an déi gro Dreckskëscht gehéiert, gëtt net ugeholl, genau sou wéi doudeg Déieren, Pneue mat Felgen oder Asbest. Beim ofliwwere vun de Géigestänn oder de Materialie kuckt dann och all Kéiers ee Mataarbechter engem iwwer d’Schëller. Sou soll d’Quantitéit a d’Qualitéit vun de Saachen iwwerpréift ginn. Am Fall vun enger Non-Konformitéit gëtt dëst dokumentéiert.
Et wier eng Zort Sensibiliséierungsaarbecht, esou de Patrick Falkenstein. Am Idealfall muss dat natierlech net gemaach ginn an d’Leit sënnere schonn doheem. Sou ginn och d’Waardezäiten erof. Falls eng Persoun ëfters géingt d’Virschrëfte verstéisst, gëtt aktiv d’Gespréich mam Concernéierte gesicht.
Wat geschitt mat all de Saachen?
D’Fro, déi sech natierlech jidderee stellt: Wat geschitt mat menge Saachen nodeems ech se ofginn hunn? De Patrick Falkenstein betount, datt den Zenter keen Dreckstipp soll sinn. 2014 goufe sech deemno vill Gedanke gemaach, wat een alles kéint änneren. D’Decisioun gouf geholl, op de Wee vun engem Ressourcenzenter ze goen.
Wäertstoffer wéi Glas, Pabeier, Plastik a Metall gi recycléiert. Wärend ee mat Glas kee Geld verdéngt, well et vun der Valorlux ofgedeckt gëtt, existéiert fir Pabeier a Metall ee Marché. Jee no deem kritt ee bëssen eppes fir de Pabeier oder d’Metall. Et kann awer och virkommen, datt den Zenter dropbezuele muss.
Futtis Saachen, wéi zum Beispill Elektroapparater, gi gesammelt. De Ressourcenzenter huet Konventioune mat Nei Aarbecht, Nei Schaff an Ecotrel. Gutt Apparate gi kontrolléiert a gefléckt, an dono zum Beispill am Shop vun Nei Aarbecht verkaf.
De Patrick Falkenstein erkläert, datt d’lescht Joer vu ronn 1.700 Apparater eng 1.600 nach intakt waren.

Dem SIVEC seng Whatsapp-Gruppen
Et kënnt dacks vir, datt Saachen ofgeliwwert ginn, déi nach ganz an der Rei sinn, deels souguer nach original verpak sinn. Vu Kabeltrommelen iwwer Kretsche bis hin zu Vëloen a Miwwelen. Mee och hei huet sech de SIVEC eppes afale gelooss. All d’Objeten, déi nach quasi nei sinn, ginn dokumentéiert. Per Whatsapp-Gruppen - véier fir präzis ze sinn – ginn d’Objeten un iwwer 200 Associéen ugebueden. Dorënner fanne sech Schoulen oder och Office sociallen. D’Membere kënne sech dann Objete reservéieren.
An de Whatsapp-Gruppe “geet alles fort”, seet de Patrick Falkenstein. Falls eng Kéier net, sou geet et virun un ee Secondhandshop. “Iergendwann ass et nees ënnert de Leit”.
De Ressourcenzenter sammelt awer och op Besoin. Wann zum Beispill eng Schoull un engem bestëmmte Projet schafft, ka se beim SIVEC ufroen, fir no bestëmmte Saachen Ausschau ze halen.
D'Sensibiliséierung zu Schëffleng klëmmt
Dat ass d’Konzept vum Réemploi. Um Internetsite sivec.lu kann dëst méi am Detail nogelies ginn. Och nei Abnehmer ginn hei ugeholl. Nom Ausfëlle vun engem Formulaire kritt een dann och Accès op déi irescht genannte Whatsapp-Gruppen.
Pro Joer kënnen duerch all dës Moossnamen am Duerchschnëtt 100 Tonne Material een neit Liewe gi ginn. 2023 war et liicht manner – ronn 90 Tonnen – well manner Baumaterial weidergeleet konnt ginn.
Mee wéi gutt sinn d’Leit dann hautzudaags sensibiliséiert? A bemierkt een Ännerungen am Laf vun de leschte Joren? Jo, mengt de Patrick Falkenstein. Um Site zu Schëffleng wier dat op d’mannst de Fall. Duerch déi konsequent Kontrolle géing ee bemierken, datt ee positiven Trend do ass, an d’Leit méi sensibiliséiert wieren. D’Saache sinn am Viraus scho méi gesënnert oder ginn op Schëffleng bruecht, fir datt se eben Deel vum Réemploi kënne ginn. An all dat géing och op jonk Leit zoutreffen, seet de Patrick Falkenstein.