arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Renovéieren amplaz nei bauen: Ëmweltorganisatiounen presentéiere Programm

Logement an Ëmwelt

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Renovéieren amplaz nei bauen: Ëmweltorganisatiounen presentéiere Programm

Haiser, déi bestinn, renovéieren amplaz nei bauen. Iwwer dee Wee wëllen de Mouvement écologique an den Oekozenter Pafendall erreechen, datt Lëtzebuerg am Overshoot Day-Klassement vun der negativer 2. Plaz méi wäit no hanne kënnt.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Wunneng déi renovéiert gëtt | © Adobe Stock
Wunneng déi renovéiert gëtt (Foto: Adobe Stock)

An deem Kontext hunn hir Responsabel e Programm vun 9 Punkte presentéiert.

Domat wëlle si, virum Hannergrond vun der Kris am Wunnengsbau, de Fokus vum Neibauen an och Ofrappe vu Gebaier ewechkréien. Schliisslech stéingen, geschat, eng 5 bis 10 Prozent Wunnengen an Haiser uechtert d’Land eidel.

Déi kéinten, wann et de Responsabele vum Mouveco a vum Oekozenter no geet, erhalen, renovéiert an noverdicht ginn. Haiser, déi bestinn, sinn nämlech gutt un d’Infrastrukturen ugebonnen a méi séier ze mobiliséieren.

Ze vill Hürde fir d'Noverdichtung

Zur Noverdichtung, mat där ee kuerzfristeg zousätzleche Wunnraum schafe kéint, sot den Théid Faber, President vum Oekozenter.

"Dat ass, ech setzen e Stack drop, ech bauen den Daach aus oder ech ännere carrement d'Notzung vun deem Gebai. Dat ass méiglech, dat stéisst awer un enger ganzer Rei vun Hürden."

An da géif sech alt mol gesot ginn, et wier méi einfach ofzerappen, wéi opzestocken.

75 Prozent vum Offall geet op de Bausecteur zeréck

Zu Lëtzebuerg gi pro Joer nëmmen 0,7 bis 1 Prozent vun den Haiser sanéiert: Dobäi ginn op nationalem Plang 3 Prozent där Sanéierungen d’Joer ugestrieft, gouf weider ervirgehuewen. Den Neibau géif och bevirdeelegt ginn, esou d’Thécla Kirsch, Bauberoderin vum Oekozenter Pafendall. Dofir bräicht et am Bautereglement méi Krittären, déi net op de Bestand wéi op den Neibau d'selwecht applizéiert ginn.

"An et brauch och e separate Paragraph, deen de Bestand an deem Sënn schützt, datt ee seet: Ok, dat Haus, zu deem Zäitpunkt, wou et gebaut ginn ass, huet misse Virschrëfte respektéieren, an déi Virschrëften, déi sollten och bestoe bleiwen."

Et sief dann, datt zentral Schutzmesurë wat Gesondheet a Sécherheet ugeet net respektéiert ginn, ënnersträicht Thécla Kirsch. Fir si wier d'Neibauen och en Haaptëmweltproblem, well 75 Prozent vum Offallopkommes op de Bausecteur géifen zeréckgoen.

Et gëtt net eng Wonnerléisung

D’Blanche Weber, Presidentin vum Mouveco, ass op d’Aféiere vun enger Leerstandssteier an d’Reform vun der Grondsteier agaangen. Op deene Punkte kéint a misst ee virukommen, well Analyse géife weisen, datt et am ökologeschen oder och am soziale Beräich net duergeet nëmme mat "legale Verbesserungen oder nëmme Subsiden“ erbäizeféieren.

"Et ass ganz kloer nogewisen, datt et ëmmer de Package ass, deen eppes bréngt: Legal Ofännerungen, finanziell Ureizer, finanziell Ofschreckungen a Sensibiliséierungen."

Entrevuë mat zoustännege Ministeren

D’Gemenge sollte motivéiert ginn, fir Haiser ze erfaassen, déi eidel stinn. An deem Sënn hu Mouveco an Oekozenter an 2-3 Wochen eng Entrevue mam CSV-Inneminister Léon Gloden. Donieft wiere Gespréicher mam DP-Wunnengsbauminister Claude Meisch a mam CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes geplangt. An den Ae vun der Blanche Weber misst iwwregens am Grand-Duché och méi renovéiert ginn, fir d’Ziler vum nationalen Energie- a Klimaplang PNEC kënnen anzehalen.

 

play_arrow Lauschteren