Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Michel Reckinger: "Normal, datt d'Aiden ugepasst ginn"

Aidë fir klimafrëndlech Heizungen a Solarpanneauen

Michel Reckinger: "Normal, datt d'Aiden ugepasst ginn"

De Michel Reckinger, bekannt als President vum Patronatsverband UEL, am 100,7-Interview awer a senger Funktioun als Chef vun engem Installateursbetrib, geet dovun aus, datt d’Regierung d’Aidë fir klimafrëndlech Heizungen a Solarpanneauen net an der aktueller Héicht weider lafe, mee se op den Niveau vun 2022 zeréckfale léisst.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
De Michel Reckinger ass Patron vun engem Installateursbetrib. (Foto: Jo Diseviscourt)

Haut um Mëttwoch kéint eng Decisioun doriwwer geholl ginn. Och déi al Subside wiere schonn héich gewiescht, dofir wier hir eventuell Reduktioun fir säi Secteur keng dramatesch Nouvelle, sou de Michel Reckinger.

"Haut kréie mir bei Photovoltaik-Moduler eng Aide vun 62,5  Prozent. Dat ass enorm vill. Dat wäert, wéi se haut decidéieren, warscheinlech erëm op 50 Prozent zeréckfalen, mee dat sinn ëmmer nach 50 Prozent vun deem Ganzen. An et muss ee jo och soen, datt déi lescht Joren um Präis vun deene Panneauen eppes geschitt ass. Déi ginn ëmmer méi gënschteg, an dann ass et mengen ech och normal, datt esou Aiden ugepasst ginn."

"Null Aktivitéit am Neibau"

Huet d’Installatioun vu Klima-frëndlechen Technologië wéi Wärmepompelen a Solarpanneauen der Installateurs-Branche gehollef, déi zanter Méint méi lues Aktivitéit am Bau ofzefiederen? Deen Deel hätt op jiddefall ee Boom erlieft, esou de Michel Reckinger. Et hätt een dofir kënnen Equipen vu grousse Chantieren op méi kleng Chantiere verdeelen, oder op Photovoltaik-Installatiounen. Trotzdeem mécht et sech bemierkbar, datt et am Bausecteur vill manner gutt leeft ewéi soss.

"Mir hunn 2021, 2022 fir zwou, dräi Residenze pro Mount Offere gerechent, fir dann dono déi eng oder aner Commande ze kréien. Dëst ganzt Joer hu mir zwou Offere gemaach bis elo a mir hu keng Commande kritt, well net gebaut gëtt. Dee ganze Marché vum Residentiel, dee läit komplett brooch."

Déi meescht Chantieren, déi momentan am Gaange sinn, gi fäerdeg gestallt. Et géinge bal keng neier méi entaméiert ginn, esou de Michel Reckinger.   

"Dat heescht, mir hu wierklech zanter engem Joer am Prinzip null Aktivitéit am Neibau."

D‘Ukënnegungen am neie Regierungsprogramm fir d‘Constructioun vu Logementer ze relancéieren hätt bis elo nach keen neien Elan am Secteur bruecht, sou nach de Michel Reckinger.

Lauschterenplay_arrow