Radioen

On air

9 bis 1  |  Commodores - Easy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No CNPD Decisioun: Amazon Europe klot géingt d'Geldstrof

Rekordgeldstrof vu 746 Milliounen

No CNPD Decisioun: Amazon Europe klot géingt d'Geldstrof

Um Verwaltungsgeriicht war gëschter um Dënschdegmëtten den Optakt vun engem Prozess, wou et ëm vill Geld geet. Den Onlinehändler Amazon Europe mat Sëtz zu Lëtzebuerg wiert sech géint eng Geldstrof, déi déi national Dateschutzkommissioun CNPD am Juli 2021 decidéiert hat.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Eng Rekordgeldstrof vu 746 Milliounen Euro hat d’Dateschutzkommissioun de 15. Juli 2021 géint déi Lëtzebuerger Duechterfirma vum Onlinekonzern Amazon ausgesprach. Dat wéinst Verstéiss géint déi europäesch Dateschutzdirektiv.

D’CNPD selwer hat d’Amende net public gemaach. An enger kuerzer Matdeelung heescht et just, datt een aus Dateschutzgrënn op d’Publikatioun vun Detailer verzicht hätt.

Donnéeë vu Clientë goufe gesammelt

Dofir hat awer Amazon selwer a sengem Joresrapport 2021 op d’Amende higewisen. Déi wëll een op kee Fall acceptéieren a sech juristesch mat alle Moyene wieren, heescht et elo an engem Communiqué. Am Detail geet et drëms, datt Amazon op senge verschiddene Plattforme massiv Donnéeë vu Clientë gesammelt an zesummegefouert huet.

Gesammelt goufen dobäi ënner anerem Donnéeën iwwer Artikelen, déi bestallt goufen, Biller a Videoen déi iwwer Amazon Servicer erofgeluede goufen, Playlëschten, IP-Adressen, Informatiounen iwwer de Computer an d’Software déi de Client benotzt, Mausklicken op de betreffende Säiten an Interaktioune mat Drëtt-Entreprisen.

Déi Donnée goufen vun Drëttfirme benotzt, déi da gezielt Reklamme konnte placéieren. De Client hätt kënnen ukräizen, datt hie keng esou Reklamm wéilt, heescht et vun Amazon. Virum Verwaltungsgeriicht gouf och plädéiert, datt ee legitimmen Interêt bestanen hätt, fir de Clientë gezielt Reklammen ze presentéieren.

Der CNPD feelt awer den explizitten Accord vum Client, deen net an aller Transparenz driwwer informéiert gi wier, wéi seng Donnéeë gesammelt a weider gereecht ginn. Et hätt och d’Méiglechkeet gefeelt, nodréiglech ee Refus anzeleeën. Donieft hätt een nëmmen Accès op d’Amazon-Servicer kritt, wann een den Accord fir déi Reklammen net refüséiert huet. Och dat wier net legal.

Franséisch Konsumenteschutzorganisatioun hat well 10.000 Ënnerschrëfte gesammelt

2018 hat déi franséisch Konsumenteschutzorganisatioun La Quadrature du Net 10.000 Ennerschrëfte gesammelt fir beim franséischen Dateschutz ze intervenéieren. Deen huet d’Plainte weider un d’CNPD gereecht. De Bastien Le Querrec, Jurist bei der franséischer Associatioun, beklot, datt ee momentan iwwerhaapt keen Abléck an den Dossier géif kréien.

"On ne peut pas y participer, on ne peut pas soutenir l'autorité luxembourgeoise parce que nous avons été exclus de là procédure. Et donc on se retrouve dans une situation un peu ubuesque où Amazon conteste une sanction et conteste des reproches qui ont été faits initialement par la quadrature alors qu'aujourd‘hui nous n'avons pas accès au dossier, nous n'avons pas accès aux échanges qui se sont faits entre Amazon et la CNPD alors que nous aurions pu expliquer en quoi cette sanction était justifiée et réexpliquer en quoi le consentement que demandait Amazon en 2018 n'était pas conforme au RGPD."

Mat engem Urteel an dëser Affär ass eréischt an e puer Méint ze rechnen. 

Lauschterenplay_arrow