Am Iran ass den Internet weider gespaart. D‘Protester daueren zënter bal zwou Wochen. D‘Autoritéite gräifen haart géint d‘Demonstranten duerch. Iwwer 20 Doudeger goufe bis elo gemellt.
An engem Message op X huet de Premier Luc Frieden geschriwwen et géif een d‘Situatioun observéieren. Dat iranescht Vollek géif zënter Woche ganz couragéiert demonstréieren.
Lëtzebuerg wier mam iranesche Vollek solidaresch.
We are closely following the situation in Iran 🇮🇷, where the population has been protesting for weeks, with great courage, for their rights. Luxembourg condemns the use of force against the protesters and stands in solidarity with the Iranian people.
— Luc Frieden (@LucFrieden) January 9, 2026