Radioen

On air

De Weekend  |  Cloth - Polaroid

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Regierung plangt keng institutionaliséiert Prozedur fir méi Biergerbedeelegung

National

Regierung plangt keng institutionaliséiert Prozedur fir méi Biergerbedeelegung

D‘Regierung huet net wëlles, eng institutionaliséiert Prozedur fir méi Biergerbedeelegung ze schafen. Dat äntwert de Premier Luc Frieden op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Joëlle Welfring. 

auto_stories

1 min

© SIP / Julien Warnand
(Foto: SIP / Julien Warnand)

D‘lescht Joer am Mäerz war an der Chamber an enger Orientatiounsdebatt, eng Motioun ugeholl ginn, déi d‘Regierung opgefuerdert huet, sou eng national Biergerbedeelegung ze analyséieren. 

D‘Regierung wéilt awer e méi breeden Dialog mat de Bierger zu enger Serie vu spezifesche Sujeten ustoussen, ënner anerem iwwert de Pensiounssystem an d‘Klimapolitik.