Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Réckbléck op d'Secteure Chimie a Stolindustrie

Sozialwalen

Réckbléck op d'Secteure Chimie a Stolindustrie

An de Secteure Chimie a Stolindustrie koum et zanter de leschte Sozialwalen am Joer 2019 ëmmer nees zu Konflikter, virun allem bei Ampacet, DuPont a Liberty Steel. Bei Ampacet gouf souguer vun November bis Dezember 25 Deeg um Stéck gestreikt.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Et war dat déi längst Aarbechtsnidderleeung am Grand-Duché zanter bal 30 Joer. Tëscht Enn November a kuerz viru Chrëschtdag gouf net bei Ampacet geschafft, well d’Firma do virdrun de Kollektivvertrag gekënnegt hat an d’Conciliatiounsprozedur Ufank November ausgelaf war.

Ampacet: Ale Vertrag nees hiergestallt

Um Enn vum Streik goufen d’Bestëmmunge vum ale Kollektivvertrag nees hiergestallt, erkläert de Stefan Osorio-König vum OGBL.

"Plus Verbesserungen, notamment eben d’Aféierung vun enger Grille des salaires, wou all Joer ëm 1 %-1,2 % all d’Gehälter an d’Luucht ginn, all puer Joer kommen dann och Leit vun där enger an déi aner Kategorie - do ass et da souguer 5-6 % méi an der Pai. An zousätzlech krute mer nach eng Prime unique vu 600 Euro."

Deen neie respektiv ale Kollektivvertrag huet eng Lafzäit vun dräi Joer

Bei Ampacet hat no de Sozialwale vum Abrëll 2019 den OGBL zwee an den LCGB ee Sëtz . Am Januar 2020 gouf en 1. Kollektivvertrag ënnerschriwwen, dee bis Ufank 2023 gegollt hat. Virun eppes méi wéi véier Joer war nach vun engem positiven a respektvolle Klima Rieds, deen zejoert dunn ëmgeschloe war.

DuPont Teijin Films: 160 Plaze stoungen um Spill

Bei DuPont Teijin Films, hat den LCGB no de leschte Sozialwalen dräi Sëtz hat an den OGBL een.

Am Oktober 2022 war do en neie Kollektivvertrag ënnerschriwwe ginn, mat Lafzäit bis Enn 2025. Am Mäerz 2023 waren dunn awer op eemol 160 Aarbechtsplaze bei DuPont Teijin Films a Gefor, well d’Produktioun géif zeréckgefuer ginn. No enger Entrevue tëschent de Gewerkschaften an der Directioun war et d’Annonce, datt de Patron bei deem Sozialplang bleiwe wéilt, wouropshin et zu engem Protestpiquet koum.

Ee Mount drop, am Abrëll d’lescht Joer, gouf et dunn en Accord iwwer e Plan de maintien dans l’emploi, deen eng Lafzäit vu sechs Méint hat. De Marc Kirchen vum LCGB huet dee Moment dat heite gesot.

“Mir kucken, dass - mat der FEDIL vläicht zesummen, iwwert d’Directioun - eng Jobfoire organiséiert gëtt, wou vläicht verschidde Betriber kënnen an de Betrib vun DTF kommen, fir sech d’Profiller vun de Leit unzekucken."

Echec vu Verhandlunge bei Liberty Steel

An der Stolindustrie war virun allem Liberty Steel an de Schlagzeilen, dat schonn am Mäerz 2021 mat der Fro, ob Plazen do a Gefor wieren.

Néng Méint drop, am Dezember 2021, gouf e Plan de maintien dans l’emploi an Aussiicht gestallt. Am Mäerz 2022 koum et dunn awer zum Echec vun de Verhandlungen iwwert dee Plang, fir Leit an der Beschäftegung ze halen. Dräi Méint drop koum d’Nouvelle, datt d’Galvaniséierungswierk vu Liberty Steel Galati a Rumänie sollt zougeschloe ginn. De Robert Fornieri vum LCGB:

“On nous annonce une solution, une piste industrielle, mais on ne parle pas de l’aspect financier. C’est une proposition, en même temps, pour essayer de séduire d’autres qui seraient prêts à venir avec une enveloppe. Là, on est quand même assez douteux.”

Zu deem Zäitpunkt, Mëtt 2022 also, war d’Hallschent vum Personal a Kuerzaarbecht an d’Produktioun erofgefuer ginn.

Am Oktober 2022 goufen d’Aktivitéite vu Liberty Steel du bis d’Enn vum Joer gestoppt, éier d’Entreprise am Dezember 2023 ugekënnegt huet, dass et net kloer wär, ob d’Paien an den nächste Méint nach weider kéinte bezuelt ginn.

Lauschterenplay_arrow

Politik a Gesellschaft
Sozialwalen