De Rapport hält fest, datt an den ënnersichten europäesche Regiounen d‘Doudesfäll wéinst Hëtzt sech vun 2015 bis 2024 praktesch verduebelt hätten am Verglach zur Period 1991 bis 2000. Am Duerchschnëtt hätt et pro Joer 52 Doudesfäll pro Millioun méi ginn. Besonnesch betraff wieren Deeler vu Spuenien, Italien, Griichenland a Bulgarien, wou d‘Doudesfäll wéinst Hëtzt méi wéi duebel esou héich waren, esou de Rapport.
arrow_back_ios
search
Klimawandel
|Rapport: Doudesfäll wéinst Hëtzt hu sech an Europa praktesch verduebelt
D'Äerderwiermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt, huet en ëmmer méi groussen Impakt op d'Gesondheet vun de Mënschen an Europa. Dat behaapt en neie Rapport an der wëssenschaftlecher Fachzäitschrëft The Lancet.
Hëtzt (Foto: picture alliance/dpa | Angelos Tzortzinis)