Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ RAF-Terroristin Daniela Klette gouf festgeholl

Däitschland

RAF-Terroristin Daniela Klette gouf festgeholl

Déi fréier RAF-Terroristin Daniela Klette ass zu Berlin festgeholl ginn. Déi lénksextremistesch Rote Armee Fraktion ass opgeléist, mee dräi fréier Membere gi scho joerzéngtelaang wéinst Iwwerfäll gesicht.

auto_stories

1 min

Polizei virum Amtsgericht zu Berlin | © picture alliance/dpa | Sina Schuldt
Polizei virum Amtsgericht zu Berlin (Foto: picture alliance/dpa | Sina Schuldt)

Déi haut 65 Joer al Daniela Klette soll, zesumme mat zwee fréieren RAF-Komplizen, responsabel sinn, fir eng ganz Serie vun arméierten Iwwerfäll tëscht 1999 an 2016. Haaptsächlech an Niedersachsen an an Nordrhein-Westfalen. De Parquet geet dovun aus, datt déi Iwwerfäll net politesch motivéiert waren, mee datt déi dräi wollten u Geld kommen.

D‘Daniela Klette, de Burkhard Garweg an Ernst-Volker Staub sollen zu der drëtter RAF-Generatioun gehéieren, déi Generatioun, déi de fréiere Chef vun der Deutschen Bank, Alfred Herrhausen an den Treuhand-Chef Rohwedder ëmbruecht hunn.