Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Bon Iver - Everything Is Peaceful Love

play_arrow Live
search

/ Putschversuch a Bolivie mëssléngt

Bolivianesch Arméi

Putschversuch a Bolivie mëssléngt

A Bolivien huet d‘Arméi e Putsch probéiert. Ënner dem Kommando vum Generol Zunigas haten Truppen déi zentral Plaz vun der Haaptstad La Paz besat. E Panzer hat souguer d‘Diere vum Regierungspalais gerammt.

auto_stories

1 min

Putschversuch a Bolivien | © picture alliance/dpa | Radoslaw Czajkowski
Putschversuch a Bolivien (Foto: picture alliance/dpa | Radoslaw Czajkowski)

De Generol Zunigas gouf awer séier festgeholl. De bolivianesche Staatschef Luis Arce huet d‘Spëtzt vun der Arméi ausgetosch, an doropshin hunn d‘Zaldoten sech och zeréckgezunn.