An der Stad Darna sëtzt den Trauma déif. D‘Mënschen hunn hier Haiser, Familljememberen oder Frënn verluer, erkläert och d’Esther Leick, Kommunikatiouns-Direktesch vu Médecins sans frontières Lëtzebuerg.
“Beaucoup sont en état de choc, certains montrant des signes de traumatisme psychologique. Par exemple, enfants refusaient de boire de l'eau, craignant de se noyer. Des patients se sont plaints de flashbacks, d'incapacité à dormir entre 2h30 et 5h du matin - l'heure précise à laquelle la vague meurtrière a englouti la ville.”
Zeeche vu psychologeschen Traumaen
MSF ënnerstëtzt zwee grouss Gesondheetszenteren, an deenen haaptsächlech Erwuessener a Kanner mat méi liichten Erkrankunge behandelt ginn. Déi meescht Patiente weisen Zeeche vu psychologeschen Traumaen op. Déi mental Ënnerstëtzung vun MSF riicht sech awer net nëmmen un d‘Patienten.
“Le premier groupe prioritaire c’est bien entendue les personnes qui ont tout perdu et vivent maintenant dans des abris temporaires. Et le deuxième groupe prioritaire c’est le personnel médical et paramédical. En effet, les personnes de ce dernier groupe ont parfois perdu des parents, des collègues et des amis, et en plus, elles travaillent en première ligne, prodiguant des soins à ceux qui ont survécu ou aidant même à évacuer les cadavres, ce qui peut être une expérience traumatisante.”
An der Stad Darna koum et virun zwou Wochen, no dem heftegen Stuerm “Daniel”, zu massiven Iwwerschwemmungen, nodeems zwee Staudämm an der Nuecht gebrach sinn. D‘Stad ass komplett zerstéiert. Bis ewell si méi wéi 4.000 Doudeger confirméiert an nach iwwer 8.000 Mënsche gi vermësst, sou mellt Weltgesondheetsorganisatioun.