Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Lola Young - Messy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess ëm d'Erwierge vun engem Mann vun 71 Joer: Parquet fuerdert Liewengslänglech

Justiz

Prozess ëm d'Erwierge vun engem Mann vun 71 Joer: Parquet fuerdert Liewengslänglech

Den ugekloten Adoptivjong vun haut 35 Joer huet am Prozess ausgesot an nach emol erkläert, hien hätt den Doud vum Papp net gewollt. Wat d'Presidentin vum Geriicht him awer net ofgeholl huet. De Vertrieder vum Parquet fuerdert liewenslängleche Prisong.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Fir de Vertrieder vum Parquet wier net ze verstoen, firwat de Beschëllegte säi Papp ëmbruecht huet. Circonstances atténuantes géifen net virleien. D’Urteel an dësem Prozess gëtt de 26. Februar gesprach.

"Erwierge ka keen Accident sinn", huet d'Riichterin ee Moment bemierkt. Wouropshin de Beschëllegte widderholl huet, et wier net seng Intentioun gewiescht, fir de Papp ëmzebréngen. Hien hätt net gewosst, datt e Mënsch esou séier stierwe kéint.

Mord oder Doutschlag?

Dem Ugekloten säin Affekot, de Me Biewer, huet drop plädéiert, datt et keng Absicht gouf, fir de Papp dout ze maachen. Et wier vill méi ëm d'Fro gaangen ob deen Doud gewollt war oder net. 

"An dat ännert einfach, ob mir tëscht engem Meurtre sinn, also engem Totschlag, op däitsch iwwersat, oder ob mir Coups et blessures ayant entraîné la mort sans intention de la donner hunn, an do ass natierlech d’Peine eng ganz aner."

Dat géif den Ënnerscheed bei der Gravitéit vun der Strof maachen. Déi eng Kéier wier et liewenslänglech, déi aner Kéier ronn 5-10 Joer. 

D'Presidentin vum Geriicht huet drun erënnert, datt d'Wiergen, der Geriichtsmedezinnerin no, 2-3 Minutte misst gedauert hunn. Den Ugeklote sot doropshin, hie géif net mengen, datt et esou laang gewiescht wier. Wéi hie gemierkt huet, datt sech de Papp net méi beweegt huet, hätt hien Angscht kritt fir an de Prisong ze kommen. Et hätt kee Grond ginn, dat ze maachen, an och wa keen him gleewe géif, géif et him leed doen.

Am Sträit mam Papp wier et ëm déi verstuerwe Mamm gaangen. Hien hätt säi Papp nach ni esou rose gesinn an net gewosst, ob dee wéilt un hie goen. Hie wier voll gewiescht, hätt sech ugegraff gefillt a sech verdeedege wëllen.

D'Riichterin gleeft och der Frëndin net

Do virdru gouf dem Beschëllegte seng deemoleg Frëndin gehéiert, zanter 2023 si si bestuet. Si hätt um Dag vun der Dot vill ze vill gedronk gehat a wier schlofe gaangen. Si wier waakreg ginn, wéi si hiren Numm héieren hätt. Si wier kucke gaangen, hätt Papp a Fils um Buedem gesinn, d'Ambulanz wëlle ruffen, mee hire Frënd hätt just gesot: "Et ass eriwwer, hien ass dout."

Vill méi spéit hätt hien hir gesot, hien hätt Sträit mam Papp kritt, dee wier aggressiv ginn. Hien hätt de Papp an de Schwitzkaste geholl, si wiere gefall, an du wier et eriwwer gewiescht. An hiren Aen hätt de Fils de Papp net ëmbruecht. Villméi wier et en Accident gewiescht. Wouropshi si mat der eegener Ausso beim Untersuchungsriichter konfrontéiert gouf, datt de Fils emol gesot hätt, hie géif de Papp eng Kéier dout maachen. Si hätt déi Aussoen net eescht geholl. "Dat muss e Mëssverständnes sinn", war d'Äntwert vun der Fra. Déi vun der Riichterin dorop war: "Mir gleewen Iech dat net"

Um Enn vun der Sëtzung hunn nach zwou Niesse vum Affer als Parties civiles Schuedenersatz an Héicht vun am Ganze 64.000 Euro gefrot. De Brudder vum Affer huet 40 000 Euro Schuedenersatz fir dës Partie civile gefrot. D’Urteel an dëser Affär ass fir de 26. Februar.

Lauschterenplay_arrow