Hannergrond ass eng Verschäerfung vum entspriechende Gesetz an Däitschland. Virgesi wier do – an Ausnamefäll – eng elektronesch Openthaltsiwwerwaachung vun Täter vun haislecher Gewalt.
Hei am Land kann de Familljeriichter bei Fäll vun haislecher Gewalt oder Menacen eng Parti Verbueter verhänken. Dorënner deen, fir bestëmmte Plazen ze besichen oder un déi betraffe Persoun erunzetrieden. De momentane legale Kader hei wier gutt, esou nach d‘Ministerinnen, dat géif awer punktuell Upassungen oder Nobesserungen net ausschléissen.