D’Faite goungen op den Zäitraum tëscht Mäerz 2019 an November 2022 zeréck. An där Zäit soll de Stiermer zwee Männer virun Nuetsclubben am Garer Quartier an der Stad a seng Ex-Frëndin an där hirer Wunneng zu Zéisseng geschloen hunn.
Zwee Fäll am Joer 2022
Am November 2022 ware Polizisten op Zéisseng geruff ginn, wou eng jonk Fra mat geschwollener Lëps sot, si wier gefall. Méint drop hat si der Police dunn ugeruff an erkläert, de Gerson Rodrigues hätt hir deemools eng ginn. D’Wunneng hat engem Schluechtfeld geglach, ee vun de Polizisten op der Plaz hätt sech gesot, et wier evident, datt d’Fra Streech krut. Fënnef Méint virdrun, am Juni 2022, hätt de Fussballer virun engem Stater Nuetsclub e Mann an d’Gesiicht geschloen, deen doduerch en Zant verluer hat. Dee Virfall hätt de Gerson Rodrigues och zouginn an d’Affer entschiedegt.
E weidere Fall virun engem Nuetsclub an der Stad
Am Mäerz 2019 dann hat dem Profi seng Fauscht Schanken am Gesiicht vun engem Mann gebrach, deen eng Zäit net schaffe konnt, de Gerson Rodrigues wier doropshin gaangen an hätt och eng falsch Telefonsnummer an eng falsch Adress uginn. Fir de Vertrieder vum Parquet hätt den Nationalspiller dräi mol ouni Grond drageschloen. Dofir sollten - nieft enger ugemoossener Geldstrof - 15 Méint Prisong mat Sursis probatoire gesprach ginn, woubäi d’Oploen en Traitement vu senger Agressivitéit an d’Indemnisatioun vun den Affer wieren.
Dem G. Rodrigues säi Verdeedeger freet eng manner héich Strof
De Maître Rauchs huet d’Faiten als Verdeedeger vum Stiermer ganz anescht gesinn. D’Ex-Frëndin vum Gerson Rodrigues hätt der Police Méint no de Faite Geschichten erzielt, mee sech selwer beim Randaléieren doheem verwonnt. Wat d’Kierperverletzung vu viru fënnef Joer ugeet, kéint säi Client sech net erënneren, sou eppes gemaach ze hunn, wougéint hie bei där viru knapp zwee Joer, wou Alkohol am Spill war, onglécklech eng ginn hätt. Dowéinst sollt de Riichter ënnert der Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet bleiwen. D’Urteel an dëser Affär ass fir de 27. Mäerz.