arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protester wéinst ëmstriddene Walen an Tansania gi weider

International

|
headphones

1 min

Protester wéinst ëmstriddene Walen an Tansania gi weider

Am ostafrikaneschem Land Tansania ginn d’Protester, no den ëmstriddene Presidentschaftswalen, elo an den drëtten Dag. Dausenden Demonstrante sollen op d’Parlamentsgebai zou marschéiert sinn. D’Stroossen vun der gréisster Stad Daressalaam ware voll vun Zaldot:innen a Polizist:innen .

headphones

1 min

De Parteichef vun däR gréisster Oppositiounsopartei an Tansania, den Tundu Lissu | ©  EPA/ANTHONY SIAME
De Parteichef vun däR gréisster Oppositiounsopartei an Tansania, den Tundu Lissu (Foto: EPA/ANTHONY SIAME)

Och an aneren Deeler vum Land koum et zu Protester. D’Demonstrante protestéiere géint den Ausschloss vun den zwee Oppositiounskandidaten.

D’Autoritéiten hunn Tréinegas géint déi Protestéirend agesat an an der Nuecht Ausgangsspäre lancéiert.

Keen Internet

Zënter den Onrouen ass am ganze Land – also fir ronn 70 Milliounen Awunner – keen Internet méi do. An och den Telefonsreseau ass staark reduzéiert.

D’Resultater sollen um Samschdeg genannt ginn. Et gëllt als sécher, datt de President Samia Suluhu Hassan erëm gewielt gëtt. D’Parteii CCM, déi zënter der Onofhängegkeet vun Tansania, onënnerbrach regéiert, dierft wuel och d’Majoritéit am Parlament verteidegen.

Déi gréisst Oppositiounspartei Chadema gouf vun de Walen ausgeschloss. De Parteipresident Tundu Lissu muss sech wéinst Landesverrat veräntwerten.

Politesch gesi gëllt Tansania als eent vun de méi stabille Länner aus der Regioun Ostafrika. Tansania huet  am Vergläich mat den Nopeschlänner manner mat Konflikter ze kämpfen.