arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anti-Islam Partei vum Geert Wilders léit knapps vir

Walen an Holland

|
headphones

1 min

Anti-Islam Partei vum Geert Wilders léit knapps vir

Béi Parteie kéinten den Héichrechnungen no op jeeweils 26 vun 150 Sëtz kommen. Bis dat definitiivt Resultat virläit kann et awer nach e puer Deeg daueren. Eleng am Ausland hunn nach 90.000 Leit gewielt, deenen hir Stëmmen nach ausgezielt musse ginn.

headphones

1 min

© picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Orangepictures
(Foto: picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Orangepictures)

Trotzdeem si schonn 99 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt

D‘Anti-Islam Partei vum Rietspopulist Geert Wilders huet den Ament ee knappe Virsprong vun 2.000 Stëmmen.

Traditionell kritt déi stäerkste Kraaft als éischt d‘Initiativ fir eng Regierung ze bilden.

Déi lénksliberal Partei D66 huet trotzdeem déi beschten Aussiichten, eng Regierung ze bilden, vue datt déi aner gréisser Parteien eng Zesummenaarbecht mam Rietspopulist Geert Wilders ausschléissen.