arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Peruaneschen Interimspresident rifft Noutstand aus

Bandekriminalitéit

|
headphones

1 min

Peruaneschen Interimspresident rifft Noutstand aus

An der peruanescher Haaptstad Lima an am Nopesch-Hafe vu Callao gouf de Noutstand deklaréiert. Dat huet den Interimspresident José Jeri annoncéiert. D‘Ausruffe vum Noutstand soll hëllefen, déi aktuell Gewalteskalatioun duerch kriminell Banden an de Grëff ze kréien.

headphones

1 min

Anti-Regierungsprotester Peru  | © EPA/JOHN REYES MEJIA
Anti-Regierungsprotester Peru (Foto: EPA/JOHN REYES MEJIA)

Mam Noutstand kritt d‘Regierung exceptionell Mëttel. Si kann zum Beispill d‘Arméi fir Stroossepatrulle beoptragen, an zivil Rechter aschränken, dorënner d‘Fräiheet, fir sech ze versammelen.

Masseprotester géint d'Regierung

D‘Regierung steet an der Kritik, net konsequent genuch géint kriminell Band virzegoen. D‘lescht Woch sinn et Masseprotester géint d‘Regierung am ganze Land ginn. Och bei de Protester koum et zu Gewalt mat op d‘mannst engem Doudesaffer.