De fréiere Prënz Andrew kéint seng Plaz an der brittescher Trounfolleg verléieren, dat melle Medien a Groussbritannien.
Trotz dem Verloscht vu sengem Titel als Prënz d’lescht Joer, steet den Andrew op der aachter Plaz an der Trounfolleg.
De brittesche Staatssekretär fir Verdeedegung Luke Pollard huet op der BBC d’Sträiche vum Andrew aus der Trounfolleg een "ugemiessene Schrack" genannt, ganz onofhängeg dovu wéi d’Enquête ausgeet.
D’Zeitung Times huet eng Quell aus dem Buckingham-Palais zitéiert, där no d’Sträiche vum Andrew aus der Trounfolleg eng “Affär vum Parlament” wier an ee sech ni dem Wëlle vum Parlament géif widdersetzen.
Majoritéit vun der Populatioun fir d'Sträichen aus der Trounfolleg
Engem Sondage no, sinn 82 Prozent vun de Britten dofir, dem fréiere Prënz säi Status als potentiellen Trounfollger z’entzéien.
Wat dem Andrew seng Verwécklung an den Epstein-Skandal ugeet, hat d’Police um Freideg matgedeelt, datt si d’Enquête wéilt erweideren. Fréier Persouneschützer solle befrot ginn.
Een Donneschdeg war den Andrew fir e puer Stonne laang festgeholl ginn. De fréiere Prënz kritt virgehäit, a senger fréierer Roll als Handelsdelegéierten, dem Epstein vertraulech Dokumenter ginn ze hunn.