arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ronn 60 Leit hunn an der Stad géint d’US-Interventioun a Venezuela demonstréiert

National

|
headphones

2 min

Ronn 60 Leit hunn an der Stad géint d’US-Interventioun a Venezuela demonstréiert

Stoppt d’US-Interventioun a Venezuela, ënnert deem Slogan hu sech eng 60 Demonstrante vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform virun der US-Ambassade an der Stad versammelt. Och Membere vun Déi Lénk a vun der KPL haten sech deem ugeschloss.

headphones

2 min

Mat dësem Protestpiquet wollte sech d’Demonstranten un d’USA, mee och un d’Lëtzebuerger Regierung riichten.

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform fuerdert, datt Lëtzebuerg d’Attack vun den USA méi haart verurteelt. Dës hätt nie domat ze di gehat, fir de Leit am Venezuela d’Demokratie ze bréngen. An och d’Zivilgesellschaft misst kloer Positioun bezéien fir d’Vëlkerrecht a géint d’Recht vum méi Staarken, esou nach d’Demonstranten. 

EU misst méi un engem Strang zéien

Weider missten d’EU-Staaten méi un engem Strang zéien, och wann et schwéier wier, konkret eppes ze ënnerhuelen fir géint dem Donald Trump seng Aktiounen virzegoen, huet den Marc Burggraff, Initiateur vum Protestpiquet, nach zouginn.

Datt innerhalb vun der Europäescher Unioun, datt méi haart geschwat gëtt, wou natierlech kloer ass, et ass ganz schwéier an der Europäescher Unioun mat enger Stëmm ze schwätzen, esou wéi se opgebaut ass. Mee awer mat eisem Nopeschland, Däitschland zum Beispill schwätzen, wou de Merz et jo nach bal gutt geheescht huet, wat d'USA gemaach hunn."

Hien fënnt, datt en sech zesumme mat aneren Europäer misst un een Dësch setzen an d'Virgoe vun den USA diskutéieren. Et bräicht méi Solidaritéit innerhalb vun der EU an och mat anere Staaten a mat anere Bevëlkerungen, esou den Marc Burggraff. Bei der Verhandlunge misst et Haaptsächlech ëm d'Bevëlkerunge goen, ëm d'Leit an net onbedéngt ëm d'Staaten.