Op Basis vun den Echoen, déi hie kritt, wier hien de Moment “kee groussen Optimist”, esou an deem Kontext den Ausseminister. Mee d’Hoffnung misst bestoe bleiwen.
Den Ausseminister a Minister fir Aussenhandel Xavier Bettel huet déi zoustänneg Chamberkommissioun iwwer déi aktuell Positiounen am Konflikt tëschent den USA an der EU wéinst Grönland informéiert.
“Douanestaxen als Erpressung”
Den US-President hat ee Samschdeg no nei zousätzlechen Douanestaxe géint aacht Europäesch NATO-Memberstaaten ugekënnegt, am Sträit ëm Grönland. Dat wier eng Erpressung, esou de Xavier Bettel, dee fir eng NATO-Protektioun op Grönland ass.
“De Mark Rutte ass jo net dem Hampelmann vum Donald Trump. Dat ass de Generalsekretär vun der NATO, wou mir alleguerte Member sinn, datt dee soll sengem Daddy – esou huet hien e jo déi leschte Kéier genannt – erklären, datt et fir Grönland dat Gescheitst wier wa mir géifen eng NATO-Protektioun och maachen, wou d’Amerikaner och dobäi sinn.”
Dem Ausseminister no, géifen d’EU-Staats- a Regierungscheffe sech dësen Donneschdeg fir een Owendiessen zu Bréissel gesinn. Dobäi dierft et ëm Europäesch Géigemesurë goen.
Lëtzebuerg misst sech positionéieren
Néideg wier eng gemeinsam Äntwert vun allen EU-Memberstaaten, huet den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten haut verlaangt: Och vu Lëtzebuerg misst méi eng kloer Positioun kommen.
“Ech hunn esou bëssen d’Impressioun, wéi wa sech an der Vergaangenheet e bëssen zréckgehale gouf, an der Hoffnung, wa mir eis net mucksen, dann hëlt och villäicht keen eis an Uecht. Villäicht och aus Rücksicht vis-à-vis vun eiser Finanzplaz. Dat kann ee jo zum Deel verstoen. Mee an enger Welt ouni Reegele sinn och d'Finanzmäert net sécher."
ADR-Kritik u Von der Leyen
Wann d’USA d’Taxe géifen erhéijen, da misst d’EU dorop reagéieren, esou och den ADR-Fraktiounschef Fred Keup.
“Dat ass net gutt fir keen. Mee natierlech musse mir dat maachen. Dee Vertrag, deen d’Madamm Von der Leyen ausgehandelt hat, dee war souwisou iwwerhaapt net gutt, wéi esou villes wat si gemaach huet. Do leien och vill Problemer. An dee Vertrag, dee gëtt elo gecancelt.”
Europa misst elo zesumme stoen, huet de Laurent Zeimet verlaangt. Hien hofft, datt den US-President sech “déi Saach” nach eng Kéier iwwerleet, wourun hien awer net wierklech géif gleewen, esou den CSV-Fraktiounschef.
“Also dat geet jo esou net. Mir sinn eng Unioun. An eng Attack op ee vun eis, ass eng Attack op eis alleguer.”
Fir säi Plang, Grönland ze kafen, duerchzesetzen, hat den US-President virgëschter nei Import-Taxen op all Wuere géint aacht Europäesch NATO-Partner annoncéiert, déi vum 1. Februar u sollen a Kraaft trieden.