Dat war d‘Conclusioun no enger Sitzung vum Büro vum interkommunale Syndikat Nordstad dësen Dënschden, an deem d‘Buergermeeschtere vun den dräi Gemengen Dikrech, Ierpeldeng an Ettelbréck sëtzen, huet eis den Ierpeldenger Buergermeeschter a President vum SINO, Claude Gleis, matgedeelt.
Stéchwuert Wandrad
Schonn an den nächste Woche wéilten si mat de Gemengepäpp vu Schieren a Bettenduerf zesumme kommen an d‘Schäfferéit convoquéieren, fir sech eng gemeinsam Linn fir de Projet Nordstad-Gemeng ze ginn.
"An da wäerte mir an d'Gemengeréit goen, well déi nei Gemengeréit sollen elo eng prinzipiell Decisioun huele: gi mir op de Wee fir eng politesch Fusioun ze probéieren oder net."
Op d‘Bierger mat enger Fusioun averstane sinn, besonnesch an deene méi klenge Gemengen, dat ass bis elo nach ongewëss. Zu Ierpeldeng, tëscht den zwee grousse potentielle Memberen Dikrech an Ettelbréck situéiert, hat d‘Vertraue vun den Awunner an de Fusiounsgedanke gelidden, wéi Ettelbréck zejoert eng Baugeneemegung ausgestallt hat fir ee Wandrad zu Bierden. Ee Standuert, géint deen den Ierpeldenger Gemengerot sech eigentlech gewiert hat.
"Ierpeldeng ass elo net ganz frou iwwer dat Wandrad, dat ass ganz kloer. Dee Moment, wou mir déi prinzipiell Decisioun huelen, ob mir de Wee weidergi fir un enger Fusioun ze schaffe, dee Moment wäert sech de Gemengerot dann och äusseren. Da kritt jidderee mat, op dat Wandrad een Effet hat, oder net."
Et zitt een un engem Strang
D‘Awunner zu Bettenduerf dann géife fäerten, vun deene méi grousse Gemengen ofgehaangen ze ginn an zu enger Schlofgemeng ze verkommen, hat déi fréier Buergermeeschtesch Pascale Hansen eis am Virfeld vun de Gemengewale gesot. Eng Aschätzung vun hirem Nofollger, Patrick Mergen, konnte mir bis elo net kréien.
Dem Claude Gleis no géifen déi fënnef Buergermeeschteren awer un engem Strang zéien. De Plang wier et, datt bis d‘Fréijoer eng Decisioun um Dësch läit. Wann déi fënnef Gemengeréit sollte gréng Luucht ginn, da mussen déi nächste Schrëtt ageleet ginn, notamment wäerten d‘Awunner an engem Referendum kënnen hir Meenung äusseren. Den Ausgang dovunner wier dann och geltend, betount de Claude Gleis.