Radioen

On air

Fiasko Fest  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presidentewalen am Iran: Weider Kandidaten zéie sech aus der Course zeréck

Muer gëtt gewielt

Presidentewalen am Iran: Weider Kandidaten zéie sech aus der Course zeréck

Am Iran gëtt muer en neie President gewielt. Zwee Kandidaten aus der konservativer Fraktioun hu sech allerdéngs kuerzfristeg aus der Course zeréck gezunn.

auto_stories

1 min

Iran Walen 2024 | © picture alliance / Pacific Press | Sobhan Farajvan
Foto: picture alliance / Pacific Press | Sobhan Farajvan

De leschte Kandidat, dee sech aus der Course zeréckgezunn huet, war haut de Buergermeeschter vun Teheran, Aliresa Sakani. Béid Politiker hunn hire Schrëtt domat begrënnt, datt si de Rescht vun de konservative Kandidate wéilte stäerken.

Ronn 61 Millioune Bierger solle muer e Successeur fir de verstuerwene President Ebrahim Raisi wielen, dee virun engem Mount bei engem Fligeraccident ëm d‘Liewe komm war.