Radioen

On air

Notturno  |  Sven Sauber - Fading Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prekär Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur

Sozialwalen 2024

Prekär Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur

Trotz der Aféierung vun der Convention Collective 2021, bléiwen d‘ Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur prekär. Dat bestätegt d‘Estelle Winter, Zentralsekretärin fir den Nettoyage Bâtiments vum OGBL. Vill Employeure verstousse géint d‘Aarbechtsrecht an et kéim trotzdeem nach zu Abusen.

auto_stories

4 min

Botzsecteur | © Bigstock / Natali_Mis
Botzsecteur (Foto: Bigstock / Natali_Mis)

De Kollektivvertrag deen et zënter 2021 gëtt, hätt zwar e puer liicht Verbesserunge mat sech bruecht, déi wieren awer weiderhi minim, kritiséiert d’ Estelle Winter vum OGBL. Sou zum Beispill beim Congé:

“Puisque avant, je me rappelle, il fallait, pour obtenir un demi-jour de congé, 15 ans d'ancienneté, et on a dû négocier à obtenir un jour à partir de 15 ans et non plus un demi-jour.”

An och bei der Pai wär d’ Verbesserung minim. No 25 Joer Anciennetéit huet ee véier Prozent méi an der Pai. Dat geet net duer, seet d’ Gewerkschaft – dofir si si zënter ronn 10 Méint am Gaangen d’Konventioun nei ze verhandelen.Den OGBL fuerdert d’Aféierung vun engem 13. Mount an dräi Deeg Congé de base méi.

Praktesch keng Promotiouns-Méiglechkeeten

Nieft de kierperlechen Ustrengungen an den ontypeschen Aarbechtszäiten ass de Verdéngscht awer de schwéiersten Aspekt vum Beruff. Den onqualifizéierte Mindestloun also ronn 15 Euro d‘Stonn, praktesch ouni Promotiouns-Méiglechkeeten, verdéngen d’Mënschen am Botzsecteur. Fir eleng dovun ze liewen, géif et net duer goen. Dat erkläert eng Madamm déi selwer Jore laang fir grouss Botz-Entreprisë geschafft huet. Am Reportage bléift si anonym dofir nenne mir si Lisa.

“Les conditions n’étais pas tellement bien. Surtout sur le salaire. Le salaire était le minimum, minimum du minimum. Seul ce n’était pas possible de survivre. J’étais en couple avec mon copain à l’époque, actuellement mon mari, on a économisé pour arriver à survivre.”

D‘Angscht seng Plaz ze verléieren

D’Lisa huet wéi vill aner Fraen an dem Secteur och, Angscht hir Plaz ze verléieren. Egal op et dorëms geet eppes zum Responsabel ze soen oder dorëms Iwwerstonnen ze schaffen. Et géif e groussen hierarcheschen Drock ginn, erkläert d’ Estelle Winter vum OGBL:

“Parfois, je sais très bien que l'accord n'est donné par la salariée, mais parfois, il y a la pression des responsables qui fait que le salarié accepte de travailler au-delà de ses heures contractuelles.”

Am Joer 2020 gouf et op ee Posten dräi Demanden, sou d’ADEM. Dat géifen d’Leit um Terrain spieren, seet d’Lisa. Well wann een eppes géif soen da kéint ee gläich seng Saache paken.

Dobäi géife verschidden Employeure ëmmer rëm géint d’ Aarbechtsrecht verstoussen an et kéim zu Abuse kommen, seet d’ Estelle Winter.

“Puisque régulièrement, nous constatons, dans les entreprises, que certains employeurs abusent de ces heures supplémentaires, qui ne sont pas régularisées de la manière comme s'aurait dû être, soit, par le code du travail ou soit par la convention collective.”

Historesch Rolleverdeelung tëschent Mann a Fra

Trotz der Aarbecht vun de Gewerkschaften an engem Kollektivvertrag geet et de Leit am Botzsecteur also net gutt – wouru läit dat dann?

Vun deene ronn 15.000 Leit déi am Nettoyage schaffen, si 85 Prozent Fraen. Fir d’ Isabelle Schmoetten aus dem CID Fraen an Gender läit de Grond bei der historescher Rolleverdeelung vu Mann a Fra. ¨

“Jo, dat si sou bëssen d' Iwwerbleifsëll dovunner. Beim Botzsecteur ass et dann sou, datt ech soe lo mol, déi typesch weiblech konnotéiert Beruffer sinn dann eben aus gelagert ginn u Fraen, déi dann zwar dofir bezuelt ginn, awer och dann sou schlecht dofir bezuelt ginn.”

Gezwongen eng zweet Aarbecht ze huelen

Den nidderege Verdéngscht zwéngt domat vill Fraen niewelaanscht nach enger zweeter Aarbecht no ze goen oder schwaarz schaffen ze goen. Dat weist och eng Ëmfro vun der Chambre des Salariés, wou 28 Prozent uginn hunn nach eng aner Aarbechtsplaz ze hunn. Am Verglach zu aneren Handwierk-Beräicher ass dat mat wäitem Ofstand den héchste Chiffer.

Dem OGBL no, hunn iwwer d’ Hallschent vun den Aarbechterinnen déi portugisesch Nationalitéit a knapp e Véierel déi franséisch. Just ronn fënnef Prozent hunn déi Lëtzebuergesch Nationalitéit an dovunner ass d’Majoritéit op Responsabel-Poste vertrueden. D’Isabelle Schmoetten erkläert, datt wéinst de schlechten Aarbechtsbedingungen, d’Aarbechten op déi manner privilegéiert Gruppe verlagert géife ginn.

D’Lisa huet italieenesch Originnen. Och wa si d’ Aarbechtskonditiounen net gutt fënnt, wënscht si sech virun allem awer eent: eng besser Pai.