Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steigend HIV-Infektiounen och zu Lëtzebuerg

AIDS-Iwwerwaachungscomité

Steigend HIV-Infektiounen och zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ginn d’HIV-Infektioune grad ewéi am Rescht vun der EU staark an d’Luucht. Zejoert goufen et 67 nei Fäll, dat waren der 16 méi ewéi 2021. Ënner deenen neie Fäll goufen et dës Kéier vill Fraen, an och Jonker.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt play_arrow
Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt

Den AIDS-Iwwerwachungscomité wëll d’Preventioun nach eng Kéier verstäerken. Engersäits iwwer d’Informatioun um Terrain, mee och iwwer ee präventiven Traitement, d’PrEP, deen ee kann am Viraus anhuelen.

Wat genau ass PrEP?

PrEP steet fir Prophylaxie pré-exposition a kann als präventiv Moossnam genotzt ginn. Et ass en Traitement mat Anti-Rétrovirauxen, deen am Fall vu Risiko-Verhalen eng Virus-Infizéierung verhënnert. Fir den Ament kritt een d’Traitement am CHL am Service maladies infectieuses. D’nächst Joer soll dat awer bei enger Rei Generaliste méiglech sinn.

D’Doktesch Carole Devaux vum Luxembourg Institute of Health ass d’Presidentin vum Aids-Iwwerwaachungscomité.

“L’idée maintenant est de rendre accessible par les médecins généralistes formés, qui seront formés début 2024, pour en fait augmenter la couverture de la PrEP pour certaines personnes qui ne veulent pas se déplacer à l’hôpital, donc au service national de maladies infectueuses. Et notamment former des généralistes qui pourront la dispenser pour des personnes plus précaires, qui ne peuvent pas la payer en fait, l’avancer de manière gratuite.”

Concernéiert sinn an deem Fall souwuel Persounen, déi sech prostituéieren, grad ewéi Persounen, déi ongeschützt sexuell Relatioune plangen.

Méi héich Zuele wéinst der Pandemie

Datt d’Zuel vun den neien Infektiounen hei am Land ëm 24 Prozent geklomme sinn, wier bedéngt duerch d’Pandemie, no där manner opgepasst gouf. Vun de 67 neie Fäll waren et 31 Fraen, an do géif dat Medikament och hëllefen, heescht et vun der Doktesch Carole Devaux.

“L’approche de prophylaxie par un traitement n’est utilisée que par des hommes qui ont une relation sexuelle avec des hommes alors qu’elle pourrait l’être également pour les femmes, notamment pour les plus vulnérables, pour les travailleurs du sexe par exemple, ou les usagers de drogues.”

Mat den aktuellen Traitementer kënnen infizéiert Persounen, déi viral Charge esou erofdrécken, datt se de Virus net méi weiderginn. Dat ass aktuell fir 82 Prozent vun de Concernéierten de Fall. D’Zil ass et, en Taux vu 95 Prozent ze erreechen.

Lauschterenplay_arrow