Radioen

On air

Notturno  |  José González - Crosses

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mpox-Virus an enger Schoul an Däitschland detektéiert

Gesondheet

Mpox-Virus an enger Schoul an Däitschland detektéiert

An enger däitscher Schoul net wäit vu Köln gouf eng nei Variant vum Mpox-Virus bei zwee Schoulkanner detektéiert. D'Schoul zu Rösrath gouf preventiv zougemaach. Bis e Freideg inclus gëllt Distanz-Unterrecht. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / BSIP | NIH-NIAID / IMAGE POINT FR
Foto: picture alliance / BSIP | NIH-NIAID / IMAGE POINT FR

Déi nei Variant vum Mpox-Virus gouf bei véier Membere vun enger Famill nogewisen, dorënner déi zwee Schoulkanner. D'Famill wier an der Quarantän, déi Betraffen hätte bis elo liicht Symptomer, esou d'Autoritéiten. 

Si mengen, datt ee Familljemember sech bei enger Rees an Afrika ugestach hätt. Déi nei Mpox-Variant breet sech zanter Méint an e puer afrikanesche Länner aus. Den Autoritéiten no wieren zanter ufanks vum Joer 1.200 Mënschen doru gestuerwen. 

D'Weltgesondheetsorganisatioun hat déi nei Mpox-Variant am August als "International gesondheetlech Noutsituatioun" deklaréiert. Dat bedeit, datt d'Autoritéiten d'Entwécklunge ronderëm dee Virus mat méi grousser Opmierksamkeet sollen observéieren.