Tëschendurech duecht ech alt mol, firwat bass de net bei dengem Schreifdëch bliwwen. Mee d’Landschaft ass wierklech sensationell. Ëmmer erëm daucht eng verschneite Spëtzt hannert de schmuele Wolleken op a kucke kanns de méi wäit, wéi s de gesäis. Souzesoen. Un de Fielsen hänkt wëllen Hunneg, Gräifvullen zerschneiden all Ablack den Himmel a Wisen a Bësch wiessele méi schnell wéi d’Flëss, déi de Buedem plouen. Et geet een esou wäit erop, an ëmmer sinn do nach Bierger, déi der d’Gefill ginn, du wäers nach guer net lassgaangen. A wann se de raschts, kanns de géigeniwwer de Lawinen nokucken, wéi se an den Dall rutschen.
Déi nei Generatioun wëllt just nach fort
Mäi Guide, de Ramesh, huet mer bäibruecht, datt ech ëmmer lénkserëm laanscht eng Stupa ze goen hunn an huet Historesches a Mythologesches erzielt. Hie kënnt aus der Everst-Géigend a sot mat Houfer hie géif dem Vollek vun den Tamang ugehéieren. D’Tamang géife vun den tibeetesche Reider vum Kinnek ofstamen, well déi sech deemools am Nepal néiergelooss hätten.
Ugefaangen huet hien am Touriste-Business awer als sougenannte Porter an d’Gepäck vun den Touristen op d’Bierger bruecht. Dono ass hie Guide ginn an huet elo seng eegen Trekking-Firma. Mee et géif ëmmer méi schwéier ginn, gutt Leit ze fannen. Nach virun 20 Joer hätt kee Sherpa dru geduecht, den Nepal ze verloossen. Mee déi nei Generatioun wéilt just nach fort. An och d’Landschaft géif sech veränneren. Wéi hien déi éischte Kéier heihi koum, ass et bal kee Gletscherséi ginn, haut gesäis de der bei all Schrack. „D’Klima“, seet hien a rëselt de Kapp. An och politesch gëtt den Nepal méi a méi tëschent China an Indien zerriwwen. Fréier si seng Landsleit iwwer d’Grenz an den Tibet gaange fir Handel ze dreiwen, haut steet do déi chineesesch Arméi a léist kee méi eran.
„Guy, du ootemst wéi e Yak.“
A wärend de Ramesh esou erzielt huet, hunn ech gemierkt, datt ech, zanter mer 3.500 Meter iwwer dem Mieresspigel iwwerschratt haten, ëmmer manner Loft kritt hunn. Ech sinn méi a méi an en Zäitluppe-Gang gerutscht, an owes sot de Ramesh: „Guy, du ootemst wéi e Yak.“ An no enger Konschtpaus huet en drugehaangen: „Wéi e groussen, e ganz grousse Yak.“
An der éischter Nuecht zu Kyanjin Gompa op 3.850 Meter sinn ech erwäscht an hunn no Loft geschnaapt. Ech hu versicht, meng Longen ze fëllen, mee et war einfach net genuch Sauerstoff do. Den anere Moie si mer op 4.500 Meter eropgeklommen an ech hunn esou gepaff, datt och dem Ramesh kee Verglach, sief et mat engem Yak oder engem aneren Déier, méi agefall ass. D’Erschöpfung huet och net nogelooss, wie mer erëm am Duerf waren. Den nächsten Dag ware mer nees siwe Stonnen ënnerwee an de Ramesh huet mech zweemol vun hanne mat de Schëllere geholl a mech erëm op de Wee bruecht, esou sinn ech duerch d’Géigend getierkelt. Mär war et schwindeleg an ech hat liicht Kappwéi. Wou mer den drëtten Dag vun eiser Base aus bei e Gletscher geklomme sinn, huet meng Ootmung méi oder manner versot. Ech hat d’Gefill, dat all Steen mat mer schwätzt. An de Wee, vir erëm erof, war wéi eng Wanderung op engem Seel, esou duerchenaner war ech. Spéitstens do war kloer, dat ech massiv Problemer mat der Héicht hat.
Prett fir déi nächst Trekking-Tour
Ech war net deen eenzegen, well all Dag ass en Helikopter komm, dee Leit ausgeflunn huet. Also hunn ech decidéiert, Kyanjin Gompa ze verloossen an erof ze goen. 500 Meter méi déif war et mengem Gehier scho besser. D’Héichkränkt war fort.
Ustrengend ass et den nächsten Dag nach eng Kéier ginn, wou mer no siwe Stonne biergof an engem Duerf ukoumen, wou mer schlofe sollten, a kee Bett méi fräi war. Also si mer erëm zwou Stonne biergop an eng Sherpa-Uertschaft gewandert. Ech hat duerno keng Féiss méi. Mee esou hunn ech nach original nepaleesesch Duerfhaiser aus Holz gesinn a mäin éichte Yakbottertéi gedronk, wärend eng Madamm vu 95 Joer nieft mer an der Hütt souz a buddhistesch Mantrae rezitéiert huet.
Op dem Ramesh seng Fro, op ech nach eng Kéier an den Nepal trekke komme géif, hunn ech direkt „Jo“ geäntwert.