De Karol Nawrocki steet fir eng nationalistesch Politik à la Donald Trump.
Hie gouf am Walkampf vun der riets-populistescher fréierer Regierungspartei PiS ënnerstëtzt. Hie stellt och d‘Ënnerstëtzung vu Pole fir d'Ukrain a Fro an hat och annoncéiert, geplangte Reforme vun der liberale-konservativer Regierung vum Premier Donald Tusk wëllen ze blockéieren.
De President huet a Pole vill Kompetenzen, dorënner d‘Nominatioun vun der Regierung an ee staarkt Veetorecht. Hien huet och Afloss op d‘Aussen- a Verdeedegungspolitik.
Eise Korrespondent Adrien Sarlat war eis live vu Warschau zougeschalt.