Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rechtlech Kontroversen ëm Direktzitatioun: Parquet gesäit Appell vum Pascal Ricquier als irrecevabel

Justiz

Rechtlech Kontroversen ëm Direktzitatioun: Parquet gesäit Appell vum Pascal Ricquier als irrecevabel

Kann e Staatsbeamten iwwer eng Citation directe op d’Geriicht bruecht ginn? Zejoert hat d’Stater Geriicht déi Fro mat „Nee“ beäntwert. Och an zweeter Instanz gesäit et net dono aus, wéi wann de fréiere President vun der Policegewerkschaft, de Pascal Ricquier, Recht kritt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Genau geet et ëm d‘Citation-directë vum Pascal Ricquier géint 12 Leit vun der Policespëtzt a géint den Ex-Chef vum État-major vun der Arméi, déi als irrecevabel erkläert gouf.

Citation directe eng Äntwert op Plainte géint Ricquier

D’Vertriederin vum Parquet général huet sech haut an der Cour d‘appell den Argumenter vun der Affekotin vun der Dose Polizisten a vum Alain Duschène ugeschloss. Och d’Presidentin vum Geriicht huet den Affekot vum Pascal Ricquier interpelléiert. An den Ae vum Me Marc Kohnen wieren an der Policeaffär d’Citation-directë vu sengem Client eng Äntwert op dat gewiescht, wat virdru geschitt war, nämlech eng Plainte vun den 12 Cadres supérieurs géint de Pascal Ricquier.

Deen hätt doropshin ënner anerem en Avertissement kritt; well kee Recours dogéint méiglech gewiescht wier, hätt hien d’Polizisten eben iwwer eng Citation directe op d’Geriicht geholl.

Verwarnung a keng Condamnatioun

Datt de Pascal Ricquier eng Verwarnung krut, géif net enger Condamnatioun entspriechen, sou d’Me Nora Dupont, Affekotin vun de Polizisten. Well et net méiglech wier, e Fonctionnaire iwwer eng Citation directe op d’Geriicht ze bréngen, sollt den Appell als irrecevabel erkläert ginn.

Eng Argumentatioun, där sech d’Vertriederin vum Parquet général ralliéiert huet.

Appell och an der Arméisaffär irrecevabel

An der Arméisaffär huet de Me Kohnen gemengt, datt den Alain Duschène zum Zäitpunkt vun der Citation directe pensionéiert an domat net méi geschützt gewiescht wier. D’Me Dupont an d’Vertriederin vum Parquet général hunn dat awer zeréckgewisen, soudatt fir si och deen Appell irrecevabel wär.

An der Policeaffär war et an der Haaptsaach ëm d’Gestioun vun Iwwerstonne vu Poliziste gaangen. An der Arméisaffär ëm en eventuellt Versetze vum Christian Schleck, dem President vun der Arméisgewerkschaft, zu där et um Enn awer net komm war. D’Urteeler an deenen zwou Affäre si fir den 2. Juli.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Justiz