Radioen

On air

Simon Says  |  Black Box - Ride On Time

play_arrow Live
search

/ Police warnt virun neier Abroch-Method

Police

Police warnt virun neier Abroch-Method

Bei eis warnt d‘Police de Moie virun enger neier Method, déi Abriecher gebrauchen, fir an eng Wunneng eran ze kommen, Déi Technik géif virun allem a Wunnhaiser mat méi Wunnenge gebraucht ginn.

auto_stories

1 min

D‘Täter géife virun d‘Dier vun enger Wunneng Fiedem aus Pech maachen, déi ee bal net gesäit. Wann een dann d‘Dir opmécht, gesinn déi Onéierlech, datt een an d‘Wunneng era gaangen ass, well d‘Fiedem futti sinn.

Am anere Fall, wann d‘Fiedem nach intakt sinn, ass dovunner auszegoen, datt keen doheem ass, an d‘Abriecher also kënnen eragoen. Wann een eppes mierkt, soll een den 113 uruffen.