Radioen

On air

Notturno  |  Hayden - Are We Good

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Police warnt viru neie Bedruchsmailen

Police

Police warnt viru neie Bedruchsmailen

D’Police warnt virun engem Bedruch mat Emailen an deene Leit gesot kréien, si misste Suen iwwerweise fir net vun engem Optragmäerder dout gemaach ze ginn.

auto_stories

1 min

D’Persoun, déi de Mail schéckt, géif soen, si wier bereet, de Mord net auszeféieren an Informatiounen iwwert den Optragmäerder ze ginn. Ënnert der Konditioun, datt eng héich Somm Suen iwwerwise gëtt. D’Police seet, datt een sou Emailen op kee Fall soll opmaachen, mee se direkt läschen an de Sender blockéiere an datt een der Police och matdeele soll, wann een sou e Mail krut.