Fir an Zukunft d’Waardezäite beim Noutruff vum 113 ze verkierzen huet d’Police haut hir nei national Ulafstell mam Numm “Ligne Bleue” virgestallt. Zënter Ufank des Mounts kann ee sech bei dësem Service fir all Ugeleeënheet mellen, déi net urgent ass. De Kommunikatiounsdirekter vun der Police, Frank Stolz, betount, datt den 113 weiderhin exklusiv fir Noutfäll virgesi bleift.
“Dat heescht, iwwerall do, wou eng direkt Interventioun vun der Police op enger Plaz noutwendeg ass, iwwerall do, wou eng Gefor ass oder eng Menace, do mussen d'Leit weiderhin den 113 natierlech dréinen, fir do keng Zäit ze verléieren a fir datt mer kënne schnellst méiglech op enger Plaz intervenéieren. An d'Ligne bleue ass dann dee Moment eng zousätzlech Linn, déi mer de Leit zur Verfügung stellen, fir alles wat Net-Urgencë betrëfft.”
E-Kommissariat gëtt ausgebaut
Do kann een da beispillsweis nofroen, wéi ee virgoe soll, wann een e perséinleche Géigestand verléiert oder wat ee maache kann, wann een eng Arnaque-Mail kritt. D’Police rechent domat, datt doduerch 5 bis 10 Prozent manner Uriff op den 113 kommen.
De Service kann een engersäits iwwer déi nei Telefonsnummer 244 244 244 wéi och iwwer e Kontaktformular um Site vun der Police, iwwer eng Email a Social Media Kanäl erreechen. De Service ass daagsiwwer accessibel, also vu Méindes bis Freides tëschent 9 a 16 Auer.
Nei ass och d’Erweiderung vum sougenannte E-Kommissariat. Iwwer MyGuichet.lu kann ee momentan schonn Deklaratiounen a Plainten digital ausfëllen an och areechen, zum Beispill am Fall wou een eppes an engem Vestiaire geklaut krut.
Digital Offere bleiwe fakultativ
Bis Hierscht dëst Joer solle weider Delikter dobäikommen, fir déi een also dann och net méi op ee Kommissariat muss goen, wei de Pascal Peters General Direkter vun der Police erkläert huet.
“A mer wäerten dat quasi opmaache fir all geklauten Objet. (...) An ënner deene Viraussetzungen, wéi ech virdrunner gesot hunn, et duerf net nach en Täter do sinn, et duerf net e Blesséierten dobäi sinn an esou weider. Also déi Viraussetzunge bleiwe weiderhi bestoen. Da wäerte mer och den Delit de fuite mat bäihuelen. Dat heescht wa Meldungen erakommen, wou ee fortgefuer ass an e Schued gemaach huet, och dat kann een an Zukunft iwwert de MyGuichet un d'E-Kommissariat mellen. An da kënnt och eppes dobäi, de Ladendéifstell, wat haut net geet, wat dann och dee Moment kann iwwert de Guichet.lu eragereecht ginn.”
D’Police erwaart sech doduerch en Zouwuess vu 40 Prozent zu deem wat aktuell schonn iwwer den digitale Wee enregistréiert gëtt. Iwwerdeems gëtt betount, datt den elektronesch Wee keng Obligatioun ass. Ween wëllt kann all déi Demarche wei bis elo och op engem Policebüro maachen, versprécht d’Direktioun.