arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Positiv Tendenz beim Verkaf vun E-Auto-Occasiounen: Vun 3% zejoert op 8-10% dëst Joer

E-Mobilitéit

|
reading time

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Positiv Tendenz beim Verkaf vun E-Auto-Occasiounen: Vun 3% zejoert op 8-10% dëst Joer

Zu Lëtzebuerg ginn aktuell 1,3 Occasioune pro neien Auto ugemellt. Am Ausland ass dat Verhältnis bei ongeféier 2,5 Occasioune pro neie Won. Ob déi héich Energiepräisser een Afloss op d'Kafe vun E-Autoen huet, wot de President vun der FEDAMO nach net ze behaapten.

reading time

2 min

headphones

6 min

play_arrow
BMW i3 | © picture alliance / Sven Simon | FrankHoermann/SVEN SIMON
BMW i3 (Foto: picture alliance / Sven Simon | FrankHoermann/SVEN SIMON)

Muer ass de leschten Dag vum Auto-Occasiouns-Festival. Bis elo géif een ee positive Bilan vum Festival zéien, mengt de President vum Garagisten-Verband Philippe Mersch. Et hätt een och méi Passage gehat wéi déi lescht Joren.

Suergen ëm E-Batterië versteet de Philippe Mersch net 

De Festival ass genee an déi Zäit gefall, an der och d'Tripartite zu Lëtzebuerg stattfonnt huet an der et ënner anerem ëm déi héich Energiepräisser gaangen ass. 

Et wier awer schwéier aus den Zuelen erauszeliesen, ob déi ee groussen Afloss op d'Kafverhalen hunn, seet de Philippe Mersch. Zejoert wier ee bei 3 Prozent Occasiouns-E-Autoe gewiescht. 

"Déi Echoen, déi ech elo hunn, vu grousse Concessiounen am Land, déi soen, datt ongeféier 8 bis 10 Prozent vun hiren Occasiounen, déi se verkaf hunn, elektresch waren." 

Fir vill Leit ass den Zoustand vun de Batterië vun E-Autoen nach ëmmer e Grond fir drop ze verzichten. Eng Suerg, déi de Philippe Mersch net novollzéie kann. 

"Déi Autoen, déi bei offizielle Concessionnairë kaf ginn, déi sinn ëmmer mat engem Certificat beluecht, deen de Stand vun der Batterie moosst. An dat kann ee gutt vergläichen." 

Et wier erstaunlech wéi gutt den Zoustand vun de Batterien och no véier Joer nach wier, esou de Philippe Mersch. 

De Präis mécht den Ënnerscheed

Allerdéngs wier d'Offer un Occasioune vun elektresche Wee nach geréng. Den Interessi wier an der Haaptsaach bei méi gënschtegen Autoen do, also alles wat ënner 20.000 Euro läit, mengt de Philippe Mersch. Och alles wat tëschent 20.000 a 25.000 géif gutt ukommen. Dat wier och bei aneren Occasiounen déi Präismarche, an der am meeschten Occasioune géife verkaf ginn. 

"Déi méi héich Präisser ass natierlech schwéier am Allgemengen an och fir Elektrescher. An déi Primm, déi mer vum Staat kréie beim Kaf vun enger Occasioun Elektresch déi dräi Joer al ass, vun 1.500 Euro, fält natierlech net wierklech an d'Gewiicht, wann de Präis méi héich ass." 

Aktuellen Zoustand um Marché

D'Unzuel un Elektro-Autoen - egal ob Occasioun oder nei - läit aktuell bei ronn 31 Prozent vum Gesamtmarché. Zejoert wieren et nach 27 Prozent gewiescht. 

"De Bensinner hëlt souguer zou. Mee dat sinn net onbedéngt reng Bensinner, dat sinn oft Bensinn mat Hybrid gemëscht." 

D'Unzuel un Dieselautoen, déi nei kaf ginn, geet parallel erof. Bei den Occasioune bleift déi Zomm awer stabel, esou de Philippe Mersch. 

play_arrow Lauschteren