Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten an de Piraten-Deputéierte Marc Goergen hu sech fir den Asaz vun de Kameraen ausgeschwat, fir d’Personal besser ze schützen.
Mobilitéitsministère wollt net “op dee Wee goen”
Béid Deputéiert géifen sech vun de Bodycams erwaarden, dass d’Personal besser geschützt gëtt. An Däitschland an och bei der Lëtzebuerger Police géif dat scho ganz gutt klappen, mengt de Marc Goergen. Am Gesetzesprojet zur Sécherheet am ëffentlechen Transport wier dat awer aktuell net virgesinn, esou d’Äntwert vun der Felicie Weyker aus dem Mobilitéitsministère.
“Mir waren éischter der Meenung, datt vue datt momentan schonn an all Zuch Kamerae sinn an och a verschidde Bussen, datt mer momentan net sollen op dee Wee goen. Well mer als éischt wëllen ofwaarden, wéi sinn d'Experienze bei der Police? An d'Agente sinn eebe keng Polizisten. An deem Sënn wollte mer net direkt op de Wee goen. Well dat huet natierlech och erëm Impakt op onsen Artikel, wat d'Videosurveillance ugeet, wat d'Dateschutz ugeet. An ech mengen do muss een dann eng Analys d'impact erëm maachen.”
De Sujet soll elo an engem Comité de pilotage mat allen Acteuren diskutéiert ginn, éier d’Mobilitéitskommissioun sech nach eng Kéier domat befaasst. Well de Gesetzesprojet nach eemol beim Staatsrot virgeluecht muss ginn, wäert en net méi virun der Summerpaus gestëmmt ginn.