Radioen

On air

Concert  |  Zwou Uropféierungen

play_arrow Live
search

/ Police Judiciaire ënnerstëtzt déi uniforméiert Police an der Stad

Stater Sécherheetsaktiounsplang

Police Judiciaire ënnerstëtzt déi uniforméiert Police an der Stad

Beim Stater Heescheverbuet a Sécherheetsaktiounsplang ass och d‘Police Judiciaire mat agebonnen. Dat äntwert den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

auto_stories

1 min

Beamte vun der Police Judiciaire géifen déi uniforméiert Police an der Stad ënnerstëtzen. Net just beim Heescheverbuet, mee och bei der Lutte géint Mënschen- an Drogenhandel. D‘Beamte vun der Police Judiciaire wieren awer net vun hirem Service ofgezu ginn. Si géifen dat am Kader vun hiren normale Missioune maachen, preziséiert de Minister.

Wat d‘Zuel vu Polizisten ugeet, déi aus aner Regiounen ofgezu goufen, fir beim Heescherverbuet an der Haaptstad ze hëllefen, nennt de Léon Gloden weider kéng konkreet Zuel.