An 11 Fäll konnten d‘Motocycliste keng Dokumenter virweisen an 30 Protokoller goufen et, well de Motor net konform war. Dräi Persoune sinn och gepëtzt ginn, déi kee gültege Führerschäi fir hiert Motorrad haten.
arrow_back_ios
search
search
/ Police: Iwwer 50 Protokoller goufen am Abrëll u Motocycliste geschriwwen
Campagne
Police: Iwwer 50 Protokoller goufen am Abrëll u Motocycliste geschriwwen
D‘Police huet de Bilan vun hirer Motorrads-Campagne am Abrëll gezunn. Am Ganze goufe 96 Infraktioune festgestallt. 9 Protokoller goufen et wéinst ze héijer Vitesse. Sechs Mol huet de Permis missten ofgi ginn. 24 Motocycliste goufe protokolléiert wéinst geféierlechem Fueren.
auto_stories
1 min

Motorrad (Foto: picture alliance/dpa | Pia Bayer)