Dem fréiere President vum Police-Syndikat SNPGL war eng Comeback-Intentiounen nogesot ginn. Hien hätt all d'Membere vum aktuellen SNPGL-Comité gefrot, ob dat e Problem fir si wier, a si hätten him all verséchert, dat wier keen, huet de Pascal Riquier den Dënschdeg am 100,7-Interview behaapt. D'Marlène Negrini, seng Nofollgerin un der Spëtzt vum Syndikat, déi an der Tëschenzäit ofgesat gouf, awer ëmmer nach am Comité ass, widdersprécht.
Ob de Pascal Riquier all Comitésmember vum SNPGL gefrot hätt fir zeréckzekommen, kéint si net soen, seet d'Marlène Nigrini. Si wier op alle Fall net perséinlech gefrot ginn. "Dat eenzegt, wat eng Kéier gesot ginn ass, ass, datt hien - wéi all Member - d'Recht huet, fir sech an de Comité ze mellen."
Marlène Negrini: Schlësselpositiounen am Comité solle vun aktive Poliziste bekleet ginn
De Pascal Ricquier huet vun Ufank un net verstoppt, datt hie just als President zeréckkéim, op kee Fall als einfache Comitésmember. Mee dat hätt d'Marlène Negrini duerch eng Statutenännerung wëlle verhënneren. Déi Viséiert verweist drop, datt den SNPGL - wéi all aner ASBL - obligéiert wier, seng Statute bis den Hierscht un d'Obligatioune vum neien ASBLs-Gesetz unzepassen. An deem Kontext hätt si effektiv wëlles gehat, ee Passus eranzebréngen, dee virgesinn hätt, datt eng Schlësselpositioun wéi e President, Tresorier, Sekretär a Generalsekretär net hätt solle kënne vun engem Pensionär bekleet ginn.
"Well u sech déi Leit - wa si an der Pensioun sinn - keen Accès méi hunn op d'Liewen, d‘aktiivt Liewe vun de Polizisten a wéi gesot keen Accès méi hunn, fir och op verschidde Policeinterna ze kommen. Dat ass dann e Problem, deen hätt kéinten domat behuewe ginn."
Et wier awer zu kengem Moment zu enger Ofstëmmung iwwer dëse Projet komm, esou d'Marlène Nigrini a souwisou misst esou eng Statutenännerung vun der Assemblée générale ofgestëmmt ginn.
Christian Schleck wëllt sech net weider äusseren
D'Marlène Nigrini streit och of, datt déi Dispositioun géint de Pascal Riquier geriicht wier. Och si selwer hätt net méi all ze laang bis d'Pensioun, esou datt déi Dispositioun "wann een dat da sou wëllt huelen" och géint si selwer geriicht gewiescht wier.
An deem Sënn wier si och prett gewiescht d'Presidentschaft an deem Moment un een aktive Member ofzetrieden.
De Pascal Riquier hat den Dënschdeg an eiser Emissioun Invité vum Dag och de President vum Syndicat Professionnel de la Force Publique (SPFP) schaarf attackéiert. De Christian Schleck weist an enger schrëftlecher Stellungsnam all d'Uschëllegungen zEréck, ouni awer konkret op déi verschidde Punkten anzegoen. Hie wéilt sech "à ce stade net weider dozou äusseren".