Radioen

On air

Ligne 2  |  Real Lies - Towards Horses

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​Polen wëll nees Grenzkontrolle mat der Slowakei aféieren

Wéinst illegale Flüchtlingen

​Polen wëll nees Grenzkontrolle mat der Slowakei aféieren

Polen wëll nees fest Grenzkontrolle mat der Slowakei fir déi illegal Immigratioun an de Grëff ze kréien.

auto_stories

1 min

Pickegen Drot | © Jannik / Unsplash
Pickegen Drot (Foto: Jannik / Unsplash)

D‘Immigratioun ass zanter Wochen een Theema bei de konservative polnesche Parteien. Polen an d‘Slowakei gehéieren zum Schenge-Raum, Grenzkontrolle sinn nëmmen an Ausnamefäll erlaabt. 

Der polnescher Regierung no géifen d‘Immigranten awer illegal Ungarn an d‘Slowakei an d‘Land kommen. An der Slowakei ass d‘Zuel vun den Immigranten däitlech geklommen. 97 Prozent vun hinnen si Syrer, déi net däerfe refouléiert ginn.