Radioen

On air

De Weekend  |  The Marías - Run Your Mouth

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Plang vum Olaf Scholz, fir Vertrauensvott am Januar, geréit ëmmer méi a Kritik

Däitschland

Plang vum Olaf Scholz, fir Vertrauensvott am Januar, geréit ëmmer méi a Kritik

Nodeems d‘Regierungskoalitioun an Däitschland e Mëttwoch zerbrach ass, goufen en Donneschdeg d'FDP-Ministeren a Ministerin offiziell aus der Ampelregierung entlooss. Däitschland ass elo um Wee Richtung Neiwalen - wéini dat geschitt, ass awer nach oppen. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Kay Nietfeld play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Geschriwwe vum Matthias Kirsch vu München, fir den 100,7

De Plang vum Bundeskanzler Olaf Scholz eréischt am Januar d'Vertrauensfro am Parlament ze stellen, geréit ëmmer méi an d’Kritik.

Bierger:inne wëlle Sondagen no esou séier wéi méiglech Neiwalen

Nom Broch mat der liberaler FDP braucht den Olaf Scholz Hëllef aus der Oppositioun, fir d'Projete vun der Regierung bis Chrëschtdag nach ëmzesetzen. An zwar huet de Friedrich Merz dem Olaf Scholz eng punktuell Zesummenaarbecht ugebueden - de Chef vun der gréisster Oppositiounsfraktioun huet awer och kloer vermëttelt: Wann d'Regierung um Enn ass, da muss d'Vertrauensfro elo direkt gestallt ginn an net eréischt am Januar.

Den Olaf Scholz steet dowéinst elo massiv ënner Drock. Säi Plang, zesumme mam B90/Die Grünen elo nach zwee Méint weiderzeregéieren, stéisst net just bei der Oppositioun op grousse Widderstand. Och zwee Drëttel vun den däitsche Bierger:inne wëllen esou séier wéi méiglech Neiwalen, dat huet e Sondage vun der ARD erginn.

Friedrich Merz: Zesummenaarbecht just, wa Vertrauensfro direkt gestallt gëtt

Dorun huet och d’Neibesetzung vun de Ministèren, déi vun der FDP gefouert goufen, näischt geännert. De Verkéiersminister Volker Wissing, deen d’FDP verlooss huet an dowéinst an der Regierung bleift, iwwerhëlt och nach de Justizministère. De Landwirtschaftsminister Cem Özdemir vun de Grénge gëtt zousätzlech Bildungsminister. Neie Finanzminister gëtt den SPD-Politiker a Scholz-Beroder Jörg Kukies.

Donneschdegowend huet de Friedrich Merz dunn den Drock op de Bundeskanzler nach eng Kéier erhéicht. Ënnerstëtzung vun der Unioun bei Wirtschafts- oder Verdeedegungsprojeten, géif et fir d’Regierung just ginn, nodeems den Olaf Scholz d’Vertrauensfro gestallt hätt – net virdrun. 

Konstruktive Mësstrauensvott nach keng Optioun fir CDU

Sollt den Olaf Scholz bei senger Positioun bleiwen, hätt d'Unioun nach d'Optioun vun engem konstruktive Mësstrauensvott. Dobäi géif den aktuelle Kanzler net just ofgewielt ginn, mee de Friedrich Merz kéint och direkt vum Parlament als neie Kanzler gewielt ginn.

Nach ass dat fir den CDU-Chef awer keng Optioun, sot hien an der ARD. Hie géif net gesinn, datt FDP oder B90/Die Grünen hien dobäi géifen ënnerstëtzen.

Lauschterenplay_arrow

Patrick Schnieder (CDU): Regierung dierf net ze laang handlungsonfäeg sinn

Fir de Patrick Schnieder, CDU-Deputéierten aus dem Walkrees Bitburg am Däitsche Bundestag, wier Däitschland bis an de Summer net handlungsfäeg, wann et réischt am Januar zum Vertrauensvott kéim. Neiwale wieren dann am Mäerz an da kéim nach eng Regierungsbildung. Dat seet hien am 100,7-Interview. Am aktuellen innen- an aussepolitesche Kontext kéint ee sech dat net erlaben.

Den Olaf Scholz wëll réischt am Januar ee Vertrauensvott maachen, fir nach wichteg Gesetzer virum Enn vum Joer duerchzekréien. Dobäi misst een awer ënnerscheeden, tëschent wierklech wichtege Gesetzer, a Gesetzer déi ee gäre gestëmmt hätt, et awer net muss sinn. De Patrick Schnieder nennt als Beispill d‘Kalte Progression, déi nämlech och réckwierkend kéint gestëmmt ginn. Deemno wier et net urgent, datt dat am Dezember nach duerchkënnt.

Den Interview mam Patrick Schnieder

Lauschterenplay_arrow