Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plainte vun der ADR net am Delai agereecht: Nazi-Verglach vum Sven Clement bleift ouni Suitten

Ausso vum Tom Weidig

Plainte vun der ADR net am Delai agereecht: Nazi-Verglach vum Sven Clement bleift ouni Suitten

De Piraten-Deputéierte Sven Clement gëtt net sanktionéiert, well hien den ADR-Deputéierten Tom Weidig an der Chamber mat engem Nazi verglach huet. D’ADR hat esou eng Sanktioun gefuerdert. D’Plainte beim Chamberpresident ass awer wéinst Formfeeler net recevabel.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Dës Informatioun vum Tageblatt gëtt vum Chamberpresident Claude Wiseler, vum Sven Clement an dem ADR-Fraktiounspresident Fred Keup op Nofro hi confirméiert.
Carole Schimmer

Formfeeler op Säite vun der ADR

An der Chamberssitzung vum 11. Februar goung rieds iwwer dem ADR-Deputéierten Tom Weidig säi Like vun engem LGBTQIA+-feindleche Kommentar op Facebook. De Sven Clement vun der Piratepartei hat gemengt, dowéinst kéint een den Tom Weidig als Nazi bezeechnen.

Zwou Wochen no där Chamberssitzung eréischt hat den ADR-Fraktiounschef sech un de Chamberpresident adresséiert, fir ze froen, datt de Sven Clement wéinst senger Ausso soll sanktionéiert ginn. De Fred Keup erkläert de Formfeeler.

"Ech hunn dee Bréif einfach gemaach un de Chamberpresident, fir hien am Fong dorop opmierksam ze maachen, fir datt hien dann och do eppes géif maachen. Mee duerno huet sech erausgestallt, datt dat mengen ech net am néidegen Delai war, wou ech dat eraginn hunn. An duerfir ass dat jo och net ugeholl ginn, formell eeben."

D’Demande hätt och misse vum Plaignant selwer, dat heescht vum Tom Weidig, un d’Conférence des présidents adresséiert ginn, wat net geschitt ass.

Claude Wiseler: Eng politesch Reaktioun, keng Sanktioun

An der Presidentekonferenz vun der Chamber gouf awer och iwwer de Fong diskutéiert, preziséiert de Piraten-Deputéierte Sven Clement.

"An deem Gespréich ass och eng Kéier op de Fong agaange ginn, wou eebe festgestallt gouf, datt op Basis vun deem, wéi et gesot gouf a wat konkreet gesot gouf, et hei sech net ëm eng Beleidegung gehandelt huet, mee eng Oplëschtung vu Fakten an eng politesch Conclusioun aus deene Fakten eraus."

De Chamberspresident Claude Wiseler wollt sech net zu den Diskussiounen an der Presidente-Konferenz vun der Chamber ëm dee präzise Fall äusseren, mee hie preziséiert awer, wéi an deene Fäll gehandelt gëtt.

"Wa qualifikativ Politicke gemaach ginn, da sinn déi politesch ze beäntweren, an dann och esou, datt deejéinegen - wann hien da wëllt - deen den Objet vun deem qualifikativ ass, dann och vum President immédiat d'Wuert kritt, fir kënnen eppes riicht ze stellen, fir kënnen eppes ze erklären, ze justifiéieren, oder wéi een och ëmmer drop wëllt reagéieren. Do ginn dann eng politesch Reaktioun an net eng Sanktioun dovunner aus."

Weider ass et awer och méiglech, wärend enger Sitzung an am Fall vu Beleidegungen, direkt ze intervenéieren an eng Sanktioun ze spriechen.

Lauschterenplay_arrow