Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lady Gaga - Garden Of Eden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder vu JSL an CSJ

Zukunft vum Pensionssystem

Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder vu JSL an CSJ

Iwwer déi geplangte laangfristeg Ofsécherung vum Pensiounssystem ass e Mëttwoch eng Consultatiouns-Debatt an der Chamber. Am Virfeld dovun hu fënnef Jugendparteien hir gemeinsam Punkte presentéiert. Vertrieder vun zwou Parteien hunn am 100,7-Interview iwwer hir Virstellungen diskutéiert.

auto_stories

2 min

headphones

19 min

De Max Molitor vun de Jonke Sozialisten (JSL) an de Laurent Braun vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend (CSJ) | © Michelle Barthel play_arrow
De Max Molitor vun de Jonke Sozialisten (JSL) an de Laurent Braun vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend (CSJ) (Foto: Michelle Barthel)

De Ball léich elo bei der Regierung, si soll soen, wat si wëlles huet, esou am Gespréich mam CSJ-Generalsekretär Laurent Braun, de President vun de Jonke Sozialisten (JSL), de Max Molitor.

“D'Leit am Land hu keng Anung méi ëm wat et soll goen, wat iwwerhaapt zur Debatt steet. An genau deen Debat respektiv déi Annoncë wollte mir ofwaarden, fir eeben eis Positioun dann ëffentlech ze maachen.”

Der Mammepartei LSAP hätt ee mat op de Wee ginn, de Punkt vun der Generatiounegerechtegkeet mat eran ze bréngen, esou de JSL-President Max Molitor. Et misst ee sech dogéint stellen, datt et eng Pensiounsreform “géint déi Jonk” wäert ginn.

“Luc Frieden a Martine Deprez wësse wat si wëlle maachen”

De Max Molitor hält et fir “relativ illusoresch”, datt den Debat beaflossbar gewiescht wier.

“Ech mengen, wie mengt, datt den Här Frieden zesumme mat der Madame Deprez do ganz ouni Iddi an dee consultative Prozess gaang ass, ech mengen deem ass net ze hëllefen. Si wësse ganz kloer, wat si wëlle maachen. An ech mengen dat, wat déi lescht Méint geschitt ass a wat elo och nach geschitt, dat ass elo e bësse Show.”

D’Fro vum Ophiewe vum Cotisatiounsdeckel

Déi Chrëschtlech Sozial Jugend huet – anescht wéi d’JSL - schonn ee Positiounspabeier ugeholl, an deem ënnert anerem proposéiert gëtt, doriwwer nozedenken, datt Leit mat engem héije Salaire méi missten an d’Pensiounskeess abezuelen, ouni awer duerno méi eng héich Pensioun ze kréien.

Den CSJ-Generalsekretär Laurent Braun huet erkläert, datt si proposéiere fir méi Recetten ze generéiere fir den Deckel opzehiewen.

“Op där anerer Säit si mir do awer net der Meenung, datt wann een den Deckel ophieft a méi abezilt, datt een dofir dann net méi kritt. Mir proposéieren zum Beispill just, datt een dann dat, wat iwwert dem aktuellen Deckel vu fënnef mol de Mindestloun ass, datt een dat méi vun de Steiere kann ofsetzen.”

Den JSL-President Max Molitor ass net der Meenung, datt duerch een Ophiewe vum Cotisatiounsdeckel, méi héich Rentenuspréch sollen erauskommen.

Lauschterenplay_arrow