D'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez hat den 22. Januar no Reprochë vun aneren Dokteren decidéiert, datt den Dokter Wilmes wärend dräi Méint net méi operéieren dierf.
Den Dokter a säin Affekot wëllen déi Decisioun kippen, well si argumentéieren, d'Prozedure wieren net respektéiert ginn. Si hunn d’Verwaltungsgeriicht um Fong saiséiert. Dat ka Méint oder Joren dauere bis een definitiivt Urteel virläit.
En attendant hate si och iwwer de Wee vum Référé – also der Schnellprozedur – gefrot, fir d’Suspendéierung ze kippen. Dat gouf elo vum Geriicht verworf.
Riichterin hätt Prozedurfeeler net consideréiert
Déi finanziell Schied vum Dr. Wilmes wieren net schwéier genuch an net endgülteg, well et just eng provisoresch Suspendéierung vun dräi Méint ass, esou d’Geriicht an hirem Urteel. Iwwerdeems betount d’Geriicht, datt d’Virsiichtsmoossnam vun der Ministesch duerchaus mam Schutz vun der Gesondheet an der Sécherheet vun de Patiente gerechtfäerdegt wier.
D’Prozedurfeeler wieren net vun der Riichterin consideréiert ginn, esou de Me. Francois Prum am 100,7-Interview.
"Si huet eng Analyse gemaach, déi net eis war: Datt si éischtens seet, deen Dokter wier jo duerch deen Arrêté net privéiert gi vu sämtleche Ressources de revenue, well en nach kéint weider Consultatioune maachen. A wat de Prejudice reputationell ubelaangt, do kënnt se zum Schluss, datt deen zwar evident ass, datt deen do ass, mee datt deen och net eng Suite direct ass vum Arrêté, mee vun der Mediatisatioun vun der ganzer Affär, déi alt erëm eng Kéier net der Ministesch sollt aus dem Ministère sollt imputabel sinn."
Me. Prum: "Missioun vun der Expertise muss kloer definéiert sinn"
Elo sinn de Ministère an d'Defense an de Verhandlungen iwwer d'Missioun vum Expertecomité, deen d'Reprochë géint den Dokter Wilmes bis Mëtt Abrëll iwwerpréiwe muss. Fir de François Prum ass et wichteg, datt d’Missioun vun der Expertise kloer a konkret definéiert wier, esou den Affekot am 100,7-Interview.
“Mir hunn eisen Expert scho genannt, mir wëssen nach näischt op d'Säite vum Ministère, an déi mussen sech déi Dossieren elo do ukucken, déi dem Dokter Wilmes do virgeworf ginn, wou e sollt ouni Indikatioun operéiert hunn. Nach eng Kéier ganz kloer: Bei him gëtt et net een eenzege Patient, deen ouni Indikatioun operéiert ginn ass. An dat ass dat, wat mir elo wëlle feststelle loossen duerch déi Expertise, déi dann bannent zwee Méint muss do sinn an déi dann dozou d'Ministesch misst bréngen, datt se keng Prolongatioun sprécht vun hirem Arrêté.”
Den Orthoped Philippe Wilmes kritt virgeheit, gesond Kräizbänner operéiert ze hunn. Et gelt d’Présomption d’innocence.
De Gesondheetsministère wollt bis ewell déi lafend Prozedur net kommentéieren.