Radioen

On air

Notturno  |  Dhaima - Reggae On Sunset

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pëtrolsfirma Chevron keeft Hess op

Weidere Megadeal

Pëtrolsfirma Chevron keeft Hess op

Den US-Pëtrolskonzern Chevron wäert e Konkurrent opkafen. Fir d‘Firma Hess bezilt Chevron 53 Milliarden US-Dollar. 

auto_stories

1 min

D‘Noriichtenagencë schwätze vun engem weidere Megadeal, nodeems d‘ExxonMobil scho virun zwou Wochen annoncéiert hat fir 60 Milliarden Dollar Pioneer opzekafen. Chevron an Hess tauschen Aktien aus an de Chef vun Hess wiesselt an de Verwaltungsrot vu Chevron. Domat géif den US-Konzern sech diversifiéieren. Grouss Konzerner maachen den Ament héich Beneficer wéinst den héijen Energiepräisser. Dofir kënne se grouss Akeef maachen.