arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Petitioun fir d'Lëtzebuerger Sprooch: Seuil vu 5.500 Ënnerschrëfte gouf erreecht

Sprooch

|
reading time

1 min

Petitioun fir d'Lëtzebuerger Sprooch: Seuil vu 5.500 Ënnerschrëfte gouf erreecht

Eng Petitioun déi fuerdert, datt Lëtzebuergesch obligatoresch gëtt, fir all Persoun, déi zu Lëtzebuerg lieft oder permanent hei schafft, krut iwwer 5.500 Ënnerschrëften. Dofir muss déi elo an der Chamber debattéiert ginn.

reading time

1 min

© Illustratioun: radio 100,7/Adobe Stock
(Foto: Illustratioun: radio 100,7/Adobe Stock)

D‘Petitioun fuerdert, datt méi Lëtzebuergesch-Coursen ugebuede ginn, an datt d‘Patronen hiert Personal encouragéieren, dës ze besichen.

De Petitionären no géif et net drëms goen, Leit auszeschléissen, mee d'Lëtzebuerger Sprooch fest am Alldag an der Beruffswelt ze verankeren.