Dat neit Band iwwert de Lëtzebuerger Wuertschatz heescht dës Kéier “Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen”.
Am Lëtzebuergeschen ginn et eng Rei u Begrëffer fir Déieren, déi am Laf vun de Jore vun der agedäitschter Versioun iwwerlagert goufen. Beispillsweis ass dat originaalt Lëtzebuergescht Wuert fir en Dachs den Duess a fir de Storch de Stuerk. Ee Wuert wat sech méi etabléiert huet ass Deckelsmouk fir eng Schildkröt. Hannert där Wuertorigine verstoppt sech eng witzeg Geschicht, wéi den Armand Becker erzielt.
"D'Schildkröt ass am Fong den etabléierten Term. An an de 60er, 70er Jore, wéi se um Luxemburger Wörterbuch geschafft hunn, do hunn zwee Auteure vun den Artikelen am Fong aus Jux bei der Schildkröt Deckelsmouk derbäi geschriwwen. Also am Fong ass dat eng direkt Iwwersetzung an d'Lëtzebuergescht a wat als Jux geduecht war, huet sech awer elo als Term etabléiert."
Dat neit Buch vum ZLS huet all d’Déierennimm op Lëtzebuergesch regroupéiert. Awer net nëmmen d’Déiere selwer, och déi ënnerschiddlech Geschlechter oder Ausdréck wéi déi Déiere Kanner op d’Welt setzen.
Wuert vum Joer 2025
Och dëst Joer sicht den ZLS nees nom Wuert vum Joer. Déi Wieder hunn oft e Bezuch zur gesellschaftlecher, politescher oder kultureller Aktualitéit, wéi den Armand Becker erkläert.
"D’lescht Joer hate mer de Presidententrick als Wuert vum Joer. 2023 hate mer d'KI, d'Kënschtlech Intelligenz, wat och deen Ament e grousst Theema ass. 2022 hate mer den Ukrainkrich an dann 21 Boosteren, 20 Corona. Also et gesäit een et war ëmmer iergendwéi mat der Aktualitéit verbonnen."
Bis de 7. Dezember kann een nach seng Propos fir e Wuert vum Joer eraginn. Aus alle Propose gëtt dann eng Shortlëscht vun enger Jury erstallt, aus där da schlussendlech d’Wuert vum Joer ermëttelt gëtt.