Wéi geet et viru mat der Plattform Wikipedia? Dat hu mir de Jean-Louis Gindt vun der ASBL Wikimedia Lëtzebuerg gefrot.
Hien huet erkläert, wéi a wou déi Lëtzebuerger Versioun entstanen ass.
“Déi Lëtzebuerger Wikipedia gouf am Juli 2004 gegrënnt vun enger lëtzebuergescher Studentin zu Paräis. An an Zwëschenzäit hu mir awer iwwer 66.400 Artikelen op Lëtzebuergesch.”
Vill Wikipedia-Artikelen a Relatioun mam Land
Eigentlech géife wéineg Artikelen iwwersat ginn. Dat wier "net den Zweck vun der Übung", mengt de Jean-Louis Gindt vun der ASBL Wikimedia Lëtzebuerg.
“Besonnesch hei zu Lëtzebuerg versti mir jo alleguer Däitsch, Franséisch, Englesch, an da kann ech an déi grouss Wikipediae mech dokumentéiere goen.”
An der lëtzebuergescher Versioun hätt ee ganz vill Artikelen, déi a Relatioun mat Lëtzebuerg stéingen, an déi an enger anerer Wikipedia keng Relevanz hätten. De Jean-Louis Gindt huet Beispiller genannt, wéi eng Artikelen an der lëtzebuergescher Versioun Sënn géife maachen.
“All Buergermeeschter hei zu Lëtzebuerg, deen iergendwou Buergermeeschter war, huet d’Recht, soll en Artikel an der lëtzebuergescher Wikipedia hunn. Oder de Projet, datt all Persoun, no där (...) eng Strooss, eng Plaz, e Centre culturel (...) benannt ass, soll en Artikel op der lëtzebuergescher Wikipedia hunn.”
Alles soll beluecht sinn
Beim Gemeinschaftsprojet ka jiddereen Artikele schreiwen. De Jean-Louis Gindt vu Wikimedia Lëtzebuerg huet den Appell gemaach, et einfach ze probéieren. Duerno géifen aner Leit driwwer kucken a si kéinten den Artikel erweideren.
“An dat mengen ech ass och wichteg, datt all Behaaptung mat enger Referenz, mat enger Quell soll beluecht sinn. Et soll näischt erfonnt ginn.”
De Jean-Louis Gindt huet erkläert, datt KI-Chatbots hir Informatiounen zum ganz groussen Deel op Wikipedia géife siche goen.
“D'Kënschtlech Intelligenz, dat ass eng kënschtlech Intelligenz an ech géif soen d'Wikipedia ass eng mënschlech Intelligenz.”
Ob d’KI eng Gefor duerstellt, dat misst sech eréischt weisen, esou de Member vun der vun der ASBL Wikimedia Lëtzebuerg. KI soll awer keng Artikele fir Wikipedia schreiwen, huet de Jean-Louis Gindt ënnerstrach.
356 aktiv Sproocheversiounen
Artikele fir Wikipedia ze schreiwen, dat wier senger Meenung no ee "kollaboratiivt Schaffen" an een Don, deen een der Weltgemeinschaft mécht.
Bei Wikipedia ginn et de Moment 356 aktiv Sproochversiounen.