arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reseauspann wuel d'Ursaach: LuxTrust-Servicer funktionnéieren nees

Technesch Stéierung behuewen

|
headphones

2 min

Reseauspann wuel d'Ursaach: LuxTrust-Servicer funktionnéieren nees

All Servicer vu Luxtrust funktionéieren zanter der Mëttesstonn nees wéi gewinnt. Wéi de Generaldirekter vu Luxtrust, Fabrice Aresu op eis Nofro hi confirméiert, ass d‘Pann, déi bal 24 Stonne gedauert huet quasi ganz behuewen.

headphones

2 min

Ursaach vun der Pann wier ee Reseausproblem gewiescht. Weder d‘Integritéit vum System, nach d‘Sécherheet vun den Transaktiounen oder d‘Donnée vun de Clientë wieren affektéiert.

4 urgent parlamentaresch Froen

Wéinst der Pann bei LuxTrust goufe véier urgent parlamentaresch Froe gestallt ginn: Zwou vun déi gréng, eng vun der CSV an eng vun der LSAP. Dat ënner anerem iwwer de Monopolstatus vu LuxTrust an de Fonctionnement am Educatiounsberäich.

Hei wier als temporär Alternativ den Authentifikatiounssystem "eduKey" agesat, fir de weidere Fonctionnement vun de betraffene digitale Plattformen ze garantéieren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch preziséiert.

Lex Delles: Keng gefestegt Meenung zu enger Alternativ

Den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles huet am 100,7-Interview iwwerdeems erkläert, datt et awer net géif drëms goen eng Alternativ zu Luxtrust ze sichen.

“Mir geet et als Wirtschaftsminister drëm, dass mer e System hunn, dee resilient ass. Dat heescht, wa mer op deem engem System e Problem hunn, dass een dann eng Solution B huet. Dat ass normalerweis innerhalb vun engem Betrib, dass dat funktionéiert. Dee System huet hei net funktionéiert, soudass mer elo net vun engem entweeder oder schwätzen, mee dass mer musse kucke wéi ginn et eventuell Systemer, déi kënne matenee funktionéieren.”

De Lex Delles huet erkläert, datt et awer och scho Gespréicher mat private Societéite gouf, déi änlech Servicer ubidden. Zënter Méint lafen do scho verschidde Gespréicher, wou Entreprisen sech an hier Solutioune virstelle kommen. Eng gefestegt Meenung hätt säi Ministère do awer nach net, sou de Lex Delles.