D‘Wierk géif déifgrënneg vu Verloscht an Doud handelen, esou d‘Begrënnung vum Jury.
Den zweete Präis geet un d‘Cathy Clement fir hiert Wierk "Neel mat Käpp". Do geet et ënner anerem ëm Frëndschaft ënner Fraen, een ekologescht Bewosstsinn a mental Gesondheet.
De Guy Helminger krut fir säi Rees-Roman "Die Elefantenhaut" dann den drëtte Präis. An der Kategorie jonk Auteuren an Autricen tëschent 12 an 19 Joer geet den éischte Präis dëst Joer un d‘Maude Blaschette fir "silent screams“ – ee Police-Roman.
Déi offiziell Präisiwwerreechung ass den 2. Dezember am nationale Literaturzenter zu Miersch.