Zënter dem 1. August ass de Claude Mangen an der Pensioun. Do virdru war hie knapp 8 Joer laang Direkter vum Mierscher Theater. Wou hien allerdéngs do ugefaangen huet, hat d’Haus nach en aneren Numm: Mierscher Kulturhaus.
E "banalen Numm", deen dem Konzept vum Haus gerecht gëtt
Wou de Claude Mangen 2018 dem Mierscher Kulturhaus säi Konzept presentéiert huet, wat dunn och ugeholl gouf, louch säi Fokus dorop, vill eege Produktiounen a Kreatiounen unzebidden. Eppes, wat en Theater eeben typescherweis mécht.
“Kulturhaus, dat Wuert kléngt méi no Veräinssall, wat keent vun de regionalen Haiser ass.”
Säi Konzept gouf ëmgesat a puer Joer drop huet sech d’Haus mat enger neier visueller Identitéit beschäftegt. Firwat also net och direkt den Numm änneren, huet ee sech gefrot. Zesumme mat enger Agence a verschiddene Leit vun der Gemeng wier een op Mierscher Theater komm.
“E banalen Numm, näischt Kreatives”, seet de Claude Mangen, mee et entsprécht dem Konzept vum Haus.
Relativ gutt duerch d'Covid-Zäit komm
D’Saison 2019/20 war déi éischt, där dem Claude Mangen säi Stempel konnt opdrécken. Kuerz drop awer ass d’Covidkris komm. Eng Katastroph fir de ganze Secteur.
Am Abrëll 2020 ass de geléierten Theaterschauspiller och President vun der Theaterfederatioun ginn. Déi Roll hat hien 3 Joer laang. Säi Fokus: d’Covidkris bewältegen.
“Do wësse mir all, datt dat fir Lëtzebuerg nach bëssen eng speziell Situatioun war. Wärend Kolleeginnen a Kolleegen aus Däitschland net konnte spillen, war et relativ séier méiglech, fir hei ze schaffen. Dat war de Verdéngscht vun der Theaterfederatioun, well mir Drock gemaach hunn.”
Sanitär Reegelen a manner Public: Dat huet d’Zäit wärend Corona am Mierscher Theater gepräägt.
"E groussen Aschnëtt": D'Héichwaasser am Juli 2021
Wéi déi Zäit iwwerstane war koum awer déi nächst negativ Erfarung: D’Héichwaasser am Juli 2021. Dat huet d’Mierscher Kulturhaus schwéier getraff. E vun de “groussen Aschnëtter” a senger Zäit zu Miersch, wéi de Claude Mangen sech erënnert.
Den ënneschten Deel vum Haus stoung komplett ënner Waasser. Archiven, Heizungsraum, Fundus an d’Technik: Alles war futti. Zwee Méint laang hätt ee kee Stroum gehat, erzielt de Claude Mangen. Well een d’Büroen awer am Lieshaus hat, konnt ee weider funktionéieren.
Eng Konsequenz vun all deem: Haut zielt de Mierscher Theater zu de bescht-equipéiertste Kulturhaiser am Land.
Trotzdeem war et en “heftege Coup fir d’Moral vun der Ekipp”, seet de fréieren Direkter. Am Oktober vun deem Joer konnt een de Programm nees ophuelen.
“Natierlech waren dat materiell Schied. Mee eis Frënn vum Servais Haus, déi haten och Iwwerschwemmungen, an do gouf et immaterielle Schued.”
Konkurrenz ënner de Kulturhaiser?
Déi lescht véier Joer konnt de Claude Mangen a Rou schaffen an dem Mierscher Theater säi Profil schäerfen. Haut ënnerscheet ee sech vun anere Kulturhaiser wéi dem Cube, dem Trifolion oder dem Kinneksbond. Stinn déi Haiser u sech all a Konkurrenz mateneen?
Jein, seet de Claude Mangen. Éischtens wieren déi meescht Member vun engem gutt federéierte Reseau, der Daachfederatioun vun de Kulturhaiser. Dat ass u gewësse Konditioune gebonnen. Et brauch een zum Beispill eng Konventioun mam Kulturministère an et muss een eng eegestänneg Ekipp hunn.
Mee iwwer d’Joren hunn déi verschidden Haiser hir Profiller geschäerft, erkläert de Claude Mangen, esou datt ee sech net wierklech als Konkurrente gesäit.
De Public sollt och net iwwerall dat selwecht gebuede kréien, mengt hien.
Wat Miersch auszeechent wier seng Zesummenaarbecht mam Centre national de littérature.
“Eis Prioritéit ass et, déi Lëtzebuerger Literatur an de Fokus ze setzen. Dofir ginn och d’Mierscher Theater-Deeg organiséiert. Et ass eng fantastesch Zesummenaarbecht, entretemps och mat der BNL.”
De Marché dierf net iwwersaturéiert ginn
Lëtzebuerg ass gutt bestéckt wat regional Kulturhaiser ugeet. Et misst een allerdéngs oppassen, datt et der net ze vill ginn, warnt de Claude Mangen.
Den Accès op d’Kultur ass Deel vum Kulturminister Eric Thill senger Strategie. Effektiv géing et am Weste vum Land ronderëm Réiden, an am ënneschten Deel vun der Musel nach Plaz fir weider Kulturhaiser ginn. Dono wier et awer och gutt.
Et dierft een net vergiessen, datt bei all Kulturhaus och d’Personalkäschten oder d’Frais-de-routë klammen. Den Ënnerhalt vun deenen Haiser gëtt op laang Siicht also och net méi bëlleg.
Sech "am positive Sënn" net méi verstellen
A senger Abschidsried huet de Claude Mangen gesot: Wann ech vun der Bün ginn, da spillen ech keng Roll méi. Eng bewosst zweedeiteg Ausso.
“Ech war laang op der Bün, an ech fannen, wann s de op der Bün bass, muss de honnert Prozent ginn. An da gees de fort, da bass de fäerdeg.”
Hie wéilt also net kucken, wat seng Nofollger maachen. Vun elo u wier hien net méi wichteg an dofir wéilt hie sech och net als ze wichteg huelen.
Dobäi kënnt, datt hien elo net méi d’Roll vum Direkter spille muss, ass sech deemno och net méi “am positive Sënn” verstelle muss. “Ech kann elo méi authentesch sinn”, seet de Claude Mangen.
Dat éischt wat hien elo no senger Beruffskarriär awer mécht: Op d’Bün klammen an eng Roll spillen. Dat awer awer als Schauspiller an engem Theaterstéck. Dat hätt hien éiweg net méi gemaach, esou de fréieren Direkter. A wou och soss wéi am Mierscher Theater.