arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Léa ou la Théorie des systèmes complexes" vum Ian De Toffoli kritt de Servais Präis

Literatur

|
reading time

1 min

"Léa ou la Théorie des systèmes complexes" vum Ian De Toffoli kritt de Servais Präis

2025 ass d'Buch vum Lëtzebuerger Auteur Ian De Toffoli beim Editiounshaus Actes Sud erauskomm. D'Wierk handelt vun enger jonker Fra, d'Léa, déi sech am Aktivismus fir de Klimawandel staark mécht. Parallel geet et ëm d'Geschicht vun der Famill Koch, déi eng multinational Pëtrolsentreprise bedreift.

reading time

1 min

Ian De Toffoli | © Radio 100,7
Ian De Toffoli (Foto: Radio 100,7)

Den Erzielstil vum Auteur, grad ewéi d'Fuerschung ronderëm déi historesch Entwécklung vun der Muecht vun der Famill Koch, gi vum Jury vum Servais Präis ervirgehuewen. 

Zënter 1992 gëtt et de Servais Präis, dee mat 7.500 Euro dotéiert ass. Zejoert huet d'Anne-Marie Reuter de Präis fir hiert Wierk "M for Amnesia" gewonnen. 

An eiser Sendung Kulturen schwätzen d'Valerija Berdi an de Michel Delage iwwer d'Buch a mam President vun der Jury iwwer de Choix vun dësem Joer.